Charlie Chaplin

brittesche Filmschauspiller, Komponist a Regisseur (1889–1977)

Den Charlie Chaplin, KBE, eigentlech Charles Spencer Chaplin, gebuer de 16. Abrëll 1889 zu London a gestuerwen de 25. Dezember 1977 zu Vevey um Genferséi, war en englesche Filmschauspiller, Komponist a Regisseur.

Charlie Chaplin
Den Charlie Chaplin, 1965, fotograféiert vum Erling Mandelmann
GebuertsnummCharles Spencer Chaplin
Gebuer16. Abrëll 1889
Gestuerwen25. Dezember 1977
Doudesursaachintrazerebral Bluddung
NationalitéitVereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich
AktivitéitFilmregisseur, Komponist, Filmschauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Komiker, Filmediteur, Autobiograph, Theaterschauspiller, Filmkomponist, Schauspiller
Member vunAkademie der Künste Berlin, Akademie der Künste der DDR
Famill
Bestuet matMildred Harris, Lita Grey, Paulette Goddard, Oona O'Neill
PappCharles Chaplin
MammHannah Chaplin
GeschwësterWheeler Dryden, Sydney Chaplin
KannerCharles Chaplin, Geraldine Chaplin, Michael Chaplin, Josephine Chaplin, Victoria Chaplin, Eugene Chaplin, Christopher Chaplin, Sydney Chaplin
Statu vum Chaplin a senger Paraderoll

Den Charlie Chaplin ass aus ganz aarme Verhältnesser komm an huet sech d'éischt als Geleeënheetsaarbechter a mat klenge Bünerollen duerchgeschloen. Duerno gouf hie Clown a Schauspiller bei enger Wandergrupp. Op enger Amerikatournee huet hien en Engagement als Filmkomiker zu Hollywood ugeholl.

Hien huet schonn a sengem éischte Joer (1914) 35 Filmer gedréint.

The Tramp (1915) a The Immigrant (1917) waren dem Charlie Chaplin seng éischt Meeschterwierker.

1919 huet hien zesumme mat der Mary Pickford an dem Douglas Fairbank d'United Artists gegrënnt, fir déi den Chaplin no 1923 ausschliisslech gespillt huet.

Filmographie

als Regisseur (Laangspillfilmer)

  • 1921: The Kid - Haaptacteuren: Edna Purviance, Jackie Coogan
  • 1923: A Woman of Paris - Haaptacteuren: Edna Purviance, Carl Miller
  • 1925: The Gold Rush - Haaptacteuren: Mack Swain, Georgia Hale
  • 1928: The Circus - Haaptacteuren: Merna Kennedy, Harry Crocker
  • 1931: City Lights - Haaptacteuren: Virginia Cherrill, Harry Myers
  • 1936: Modern Times - Haaptacteuren: Paulette Goddard, Henry Bergman
  • 1940: The Great Dictator - Haaptacteuren: Jack Oakie, Reginald Gardiner
  • 1947: Monsieur Verdoux - Haaptacteuren: Mady Correll, Robert Lewis
  • 1952: Limelight - Haaptacteuren: Claire Bloom, Buster Keaton
  • 1957: A King in New York - Haaptacteuren: Dawn Addams, Maxine Audley
  • 1967: A Countess from Hong Kong - Haaptacteuren: Marlon Brando, Sophia Loren

Um Spaweck

Commons: Charlie Chaplin – Biller, Videoen oder Audiodateien