Greta Garbo

schweedesch Filmschauspillerin

D'Greta Garbo, gebuer als Greta Lovisa Gustafsson den 18. September 1905 zu Stockholm a gestuerwen de 15. Abrëll 1990 zu New York, war eng schweedesch Filmschauspillerin. Si war eng vun den emblemateschsten Hollywood-Staren aus Zäit vum Stommfilm an der klassescher Zäit vun den 1930er Joren. D'Garbo gouf dräimol fir den Oscar als bescht Schauspillerin nominéiert a krut 1954 den Éieren-Oscar fir hir "liichtend an onvergiesslech Performancen um Ecran." Am ganzen huet si bannent 17 Joer 28 Filmer gedréit.

Greta Garbo
am Film "Wild Orchids" (1929)
GebuertsnummGreta Lovisa Gustafsson
Gebuer18. September 1905
Gestuerwen15. Abrëll 1990
New York
DoudesursaachLongenentzündung
NationalitéitSchweden, USA
AktivitéitSchauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller
D'Garbo am Film "Inspiration" (1931)
D'Garbo um Cover vun der New York Sunday News (1937)

Si huet hir Carrière 1924 mat enger Nieweroll am schweedesche Film The Saga of Gosta Berling ugefaangen. De Louis B. Mayer, Chef vun der Metro Goldwyn Mayer (MGM) gouf doranner op si opmierksam, an huet se 1925 op Hollywood bruecht; direkt mat hirem éischte Film Torrent (1926) krut si vill Opmierksamkeet, a mat hirer Interpretatioun an hirem drëtte Film, Flesh and the Devil, dat Joer drop, gouf si en internationale Star.

Den éischten Tounfilm vun der Garbo war Anna Christie (1930), dee mam Slogan "Garbo talks!" lancéiert gouf. Direkt duerno koum Romance, a fir di zwéi Filmer gouf si gläich fir den Oscar nominéiert. Dëse Succès huet et hir erlaabt, bei der Wiel vu Rollen an Dréibicher e wichtegt Wuert matschwätzen ze kënnen. Hir Interpretatioun vun der Haaptroll am Film Camille (eng Verfilmung vum Roman La dame aux camélias) gëtt vu ville Kritiker als déi bescht aus där Period ugesinn. Si krut dofir eng zweet Oscar-Nominéierung. No e puer weidern dramatesche Filmer huet d'Garbo 1939 an der Comédi Ninotchka vum Ernst Lubitsch d'Haaptroll gespillt, wat hir eng drëtt Nominéierung fir den Oscar abruecht huet. Eng weider Comédie war Two-Faced Woman (1941), hire leschte Film.

1941 huet si sech aus dem Schauspillliewen, mat just 36 Joer, zeréckgezunn. All Propos spéiderhin, nach eng Kéier e Film ze dréien, huet si refuséiert. Si huet zeréckgezunn gelieft, war net bestuet, hat keng Kanner, an huet sech virun allem fir hir Konschtsammlung begeeschtert, déi, no hirem Doud, Millioune wäert war.

Filmographie

JoerTitelRollNote
1920Herr och fru StockholmEeler Schwëster
1921Konsum Stockholm PromoActriceKuerzfilm
1921En LyckoriddareAarbechterin
1922Kärlekens ögonStatisteroll
1922Luffar-PetterGreta
1924Gösta Berlings SagaElizabeth Dohna
1925Die freudlose GasseGreta Rumfort
1926Ibáñez' TorrentLeonora Moreno, genannt La Brunna
1926The TemptressElena
1926Flesh and the DevilFelicitas
1927LoveAnna Karenina
1928The Divine WomanMarianne
1928The Mysterious LadyTania Fedorova
1928A Woman of AffairsDiana Merrick Furness
1929Wild OrchidsLillie Sterling
1929The Single StandardArden Stuart Hewlett
1929The KissIrene Guarry
1930Anna ChristieAnna Christie
1930RomanceMadame Rita Cavallini
1931Anna ChristieAnna Christie
1931InspirationYvonne Valbret
1931Susan Lenox (Her Fall and Rise)Susan Lenox
1931Mata HariMata Hari
1932Grand HotelGrusinskaya
1932As You Desire MeZara aka Maria
1933Queen ChristinaQueen Christina
1934The Painted VeilKatrin Koerber Fane
1935Anna KareninaAnna Karenina
1936CamilleMarguerite Gautier
1937ConquestCountess Marie Walewska
1939NinotchkaNina Yakushova 'Ninotchka' Ivanoff
1941Two-Faced WomanKarin Borg Blake

Um Spaweck

Commons: Greta Garbo – Biller, Videoen oder Audiodateien