James Joyce

Den James Augustine Joyce, gebuer den 2. Februar 1882 zu Rathgar a gestuerwen den 13. Januar 1941 zu Zürich, war en iresche Schrëftsteller.

James Joyce
GebuertsnummJames Augustine Aloysius Joyce
Gebuer2. Februar 1882
Rathgar
Gestuerwen13. Januar 1941
Zürich
DoudesursaachBauchfellentzündung
NationalitéitIrland
EducatiounUniversity College Dublin
AktivitéitDichter, Romancier, Enseignant, Auteur, Schrëftsteller, Journalist, Literaturkritiker, Prosaist

Hie gouf bekannt fir seng Wierker Dubliner, Ulysses a Finnegans Wake. Hie gëlt als ee vun de wichtegste Vertrieder vun der literarescher Modern.

Den James Joyce huet virun allem zu Dublin, Triest, Paräis an Zürich gewunnt.

Liewen

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Den Joyce zu Lëtzebuerg

Vum 16. bis den 22. August 1934 waren den Joyce a seng Fra Nora am Stater Grand Hôtel Brasseur als Touristen zu Gaascht. Hie schrouf iwwer d'Stad: "This is a lovely quiet rose-growing part of dirty old Europe."[1]

Literaresch Auswierkungen op dës kuerz Presenz sinn a sengen Notebooks ze fannen (haut: Bibliothéik vun der University at Buffalo aus dem Staat New York), wou e sech d'Nimm vu Lëtzebuerger Flëss ("R. Sûre Sauer, R. Wiltz, Our, Attert, Alzette Black White Ernz Semois") notéiert hat, déi dann zum Deel a Finnegan's Wake opdauchen - als "that Luxuumburgher evec cettehis Alzette (...)".[2]

Wierk

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck

Commons: James Joyce – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portrait vum James Joyce

Referenzen