Lëps

Organ am Mond

D'Lëpsen (Eenzuel: Lëps) sinn e mëllt Organ an de vu bausse visibelen Deel vum Mond.

Zwou mënschlech Lëpsen.
1: iewescht Lëps
2: ënnescht Lëps
3: Mondwénkel
4: Amorbou

Si si beweeglech a leie beim Mënsch am ënneschten, viischten Deel vum Gesiicht. Lëpsen kommen ëmmer zweemol vir. Et ënnerscheet een tëscht der ieweschter Lëps (labium superius) an der ënneschter Lëps (labium inferius). Déi ënnescht Lëps ass generell e bësse méi grouss. Déi iewescht Grenzlinn vun der baussenzeger Lëps huet eng geschwongen Abuchtung, déi "Amorbou" oder "Cupidbou" genannt. D'Säite, also do, wou déi zwou Lëpsen matenee verbonne sinn, sinn d'Mondwénkelen (angulus oris).

D'Grondlag vun de Lëpsen ass de musculus orbicularis oris, dee ronderëm d'Mondëffnung läit. E gouf an der Vergaangenheet[1],[2] a gëtt och haut nach[3] heiansdo als Schliissmuskel betruecht. Generell ass dat haut awer net méi de Fall an de musculus orbicularis oris gëllt net méi als selbststännege Muskel, well d'Muskelfaseren a verschidde Richtunge verlafen an net am Krees, an de Muskel aus e puer Deeler besteet, déi zu den anere Muskele vun der Mimik zielen.[2],[4]

Iwwer d'arteria labialis inferior (ënnen) an d'arteria labialis superior (uewen) ginn d'Lëpse mat Blutt versuergt. Dat Blutt fléisst dann iwwer e puer kleng Venen iwwer d'Gesiichtveen (vena facialis) of. Iwwer de sougenannte Lëpsebännchen (frenulum labii superioris bzw. inferioris) sinn d'Lëppse mam Zännfleesch verbonnen.[5]

D'Lëpsen dichten d'Mondhiel vun der Baussewelt of. Si hëllef beim Ophuele vun der Narung, zum Beispill duerch Suckelen oder Schlécken a bei der Artikulatioun vun Téin a Sprooch.

Bei de Puppelcher suergen d'Lëpse beim Nieren fir en dichten Ofschloss mam weiblechen Nippel.[5]

D'mënschlech Lëpse kënnen eng erogeen Zon sinn, wa si beim Këssen oder aneren intimen Handlunge benotzt ginn.[6]

Commons: Lëpsen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen