Novak Djokovic

Tennisspiller

Den Novak Djokovic, gebuer Novak Đoković (serbesch: Новак Ђоковић [nôʋaːk dʑôːkoʋitɕ]) den 22. Mee 1987 zu Belgrad, ass e serbesche professionellen Tennisspiller. Hie wunnt zanter 2020 zu Marbella, am Süde vu Spuenien.

Novak Djokovic
Gebuer22. Mee 1987
Belgrad
NationalitéitSozialistesch Federativ Republik Jugoslawien, Serbien a Montenegro, Serbien
AktivitéitTennisspiller
Gréisst188 Zentimeter
Gewiicht77 kg
SpillhandRietshänner

Den Đoković hält d'Rekordzuel vun siwen Saisonen (2011, 2012, 2014, 2015, 2018, 2020 an 2021) op der Plaz 1 ewéi och den Rekord vun deenen meeschten Wochen op der Plaz 1 mat 388 un der Zuel. Mat sechs Titelen bei den ATP Finals hält hien zesummen mam Roger Federer den Rekord. An senger Karriär huet hien 94 Titel am Eenzel ewéi een Turnéier am Double gewonnen.

An der Statistik vun den gewonnenen Grand-Slam-Titelen am Eenzel ass hie mat 23 Titelen Éischten. Dobäi ass hien den eenzege Spiller, den all Grand-Slam-Turnéier minimum dräimol gewonnen huet. Sou huet hien zéngmol d'Australian Open, siwemol Wimbledon an jeeweils dräimol d'US Open an d'French Open gewonnen. Mat dem Erfolleg bei den French Open 2016 gouf hien nom Don Budge (1938) an Rod Laver (1962 an 1969) zum drëtten Spiller an der Geschicht, deen bei allen véier Grand-Slam-Turnéieren hannereneen gewonnen huet. Zousätzlech huet den Đoković 38 Turnéiere vun der ATP-Masters-1000-Serie an 2010 den Davis Cup gewonnen. Dobäi war den Đoković als Éischten an bis dato eenzegen Spiller bei allen aktuellen Turnéieren vun der Masters-Serie mindestens zweemol erfollegräich. Als 1. Spiller vun der Geschicht huet den Đoković och 100 bzw. 150 Milliounen US-Dollar un Turnéierpräisgelder gewonnen.

Erfolleger

Tennis Masters Cup2008
ATP 250 Adelaide 12023
Australian Open2008 | 2011 | 2012 | 2013 | 2015 | 2016 | 2019 | 2020 | 2021 | 2023
ATP 1000 Shanghai2012 | 2013 | 2015 | 2018
ATP 500 Peking2009 | 2010 | 2012 | 2013 | 2014 | 2015
ATP 250 Eastbourne2017
Wimbledon2011 | 2014 | 2015 | 2018 | 2019 | 2021 | 2022
ATP 1000 Paris2009 | 2013 | 2014 | 2015 | 2019 | 2021
French Open Herren2016 | 2021 | 2023
ATP 250 Tel Aviv2022
ATP Finals2008 | 2012 | 2013 | 2014 | 2015 | 2022
ATP 1000 Rom2008 | 2011 | 2014 | 2015 | 2020 | 2022
ATP 500 Tokio2019
ATP 1000 Toronto2007 | 2011 | 2012 | 2016
ATP 500 Nur-Sultan2022
ATP 250 Doha2016 | 2017
ATP 1000 Monte Carlo2013 | 2015
ATP 500 Basel2009
Belgrade Open2021
ATP 250 Belgrad2009 | 2011
ATP 1000 Madrid2011 | 2016 | 2019
ATP 1000 Indian Wells2008 | 2011 | 2014 | 2015 | 2016
ATP 1000 Miami2007 | 2011 | 2012 | 2014 | 2015 | 2016
ATP 1000 Cincinnati2018 | 2020
US Open2011 | 2015 | 2018
ATP 500 Dubai2009 | 2010 | 2011 | 2013 | 2020
ATP 500 Wien2007

Trivia

Den Djokovic gouf och als YouTube-Videoblogger bekannt.

2013 ass säi Buch mam Titel: "Serve To Win" erauskomm.

Um Spaweck

Commons: Novak Djokovic – Biller, Videoen oder Audiodateien