Olympesch Summerspiller 1972

20. Olympiad
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Olympesch Summerspiller 1972, offiziell Spiller vun der XX. Olympiad, goufe vum 26. August bis den 11. September 1972 zu München an Däitschland organiséiert.

Spiller vun der XX. Olympiad
Olympesch Summerspiller
MaskottchenWaldi
LandDäitschland
StadMünchen, Kiel, Augsburg
Ufanksdatum26. August 1972
Schlussdatum11. September 1972
opgemaach vum/vun derGustav Heinemann
Olympeschen EedHeidi Schüller, Heinz Pollay
Olympesch FakelGünther Zahn
Kompetitiounen195 an 21 Sportaarten
Ekippen121
Athleeten7.134
Spiller virdrunOlympesch Summerspiller 1968
Spiller duernoOlympesch Summerspiller 1976
Um Spaweckhttps://olympics.com/en/olympic-games/munich-1972

Den aussergewéinlechste Sportler op de Spiller war den US-amerikanesche Schwëmmer Mark Spitz, dee siwe Goldmedaile gewonnen huet. Judo, Bouschéissen an Handball waren nees um Programm.

De 5. September goufen d'Kompetitioune wéinst engem terroristeschen Attentat op d'israeelesch Ekipp (Olympia-Attentat zu München) fir een Dag ënnerbrach.

Et war déi éischt Kéier, datt den Olympeschen Eed och vun engem Kampfriichter ofgeluecht gouf.

Participanten

Et hunn 121 Natioune mat am Ganze 7.134 Olympioniken (1.059 Fraen a 6.075 Männer) bei 195 Kompetitiounen an 21 Sportaarte matgemaach.

Participatioun vu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg war zu Münche mat 11 Athleete vertrueden. D'Lëtzebuerger hu keng Medail gewonnen.

Zënter 1900 war et déi 13. lëtzebuergesch Participatioun bei den Olympesche Summerspiller.

Participante pro Sportaart

Bouschéisssen
Fechten
Liichtathleetik
Cyclissem
Schéissen

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Olympesch Summerspiller 1972 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten