Robin Williams

amerikanesche Schauspiller

De Robin McLaurin Williams, gebuer den 21. Juli 1951 a gestuerwen den 11. August 2014, war en US-amerikanesche Stand-Up-Komiker a Schauspiller.

Robin Williams
bei enger Filmpremiere zu Sydney (2011)
GebuertsnummRobin McLaurin Williams
Gebuer21. Juli 1951
Chicago
Gestuerwen11. August 2014
Tiburon
DoudesursaachErhänken
NationalitéitUSA
EducatiounJuilliard School,
Claremont McKenna College,
College of Marin
AktivitéitStand-up-Komiker, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Komiker, Filmproduzent, Dréibuchauteur, Lauschterbuchspriecher, Theaterschauspiller, Synchronspriecher, Pantomime
Famill
Bestuet matMarsha Garces, Susan Schneider
PappRobert Williams
MammLaura McLaurin
GeschwësterRobert Williams
KannerZelda Williams

Hie gouf bekannt als den Ausserierdesche Mork an Mork & Mindy (1978-1982), an huet an de Joren duerno säin Talent als Komiker an als Schauspiller bewisen. Dem Williams seng Filmcarrière besteet ë. a. aus Filmer, wou e fir seng Schauspillerei gelueft gouf, wéi The World According to Garp (1982), Good Morning, Vietnam (1987), Dead Poets Society (1989), Awakenings (1990), The Fisher King (1991), a Good Will Hunting (1997), wéi och Comédiën, déi grousse kommerzielle Succès haten, wéi Popeye (1980), Hook (1991), Aladdin (1992, Stëmm), Mrs. Doubtfire (1993), Jumanji (1995), The Birdcage (1996), Night at the Museum (2006), Happy Feet (2006, Stëmm), an Happy Feet Two (2011, Stëmm).

Hie krut den Oscar fir déi bescht Nieweroll fir seng Interpretatioun am Film Good Will Hunting, a krut eng sëllegen aner Auszeechnungen, dorënner véier Mol de Golden Globe Award a fënnef Grammy Awards.

De Williams huet sech 2014 mat engem Rimm erhaangen an ass erstéckt. En huet senger Spriecherin no un enger schwéirer Depressioun gelidden[1], a senger Fra no hat e Parkinson an engem fréie Stadium souwéi Angschtzoustänn.[2],[3] Déi Iron Maiden huet him hiert Lidd Tears of a Clown gewidmet.

Literatur

Um Spaweck

Commons: Robin Williams – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen