Stockholmer Metro

De Stockholmer Metro, op Schweedesch Stockholms tunnelbana, ass de Metrosreseau an der schweedescher Haaptstad an och deen eenzege Metro am Land.

De Linneplang
D'Statioun Rådhuset
En Zuch an der Statioun Hötorget

E gehéiert der AB Storstockholms Lokaltrafik (SL), gëtt awer ënner Konzessioun vun anere Firme bedriwwen: Bis 2009 war dat Veolia Transport, zanterhier d'schweedesch Duechtergesellschaft MTR Stockholm vun der chineesescher Entreprise MTR Corporation.

De Stockholmer Metro gouf 1950 a Betrib geholl. En transportéiert an der Moyenne knapps 900.000 Passagéier den Dag, dat mécht der 328 Mio. am Joer.

Reseau

Stockholms Tunnelbana huet e Reseau vun 105,7 Kilometer Längt[1], wouvunner der 62 Kilometer ënnerierdesch sinn.

Se besteet aus dräi Linnen - der rouder, der bloer an der grénger - an 100 Statiounen,[1] vun deenen der 52 iwwer- an der 48 ënnerierdesch sinn.

Op der grénger Linn (Gröna linjen) sinn 49 Statiounen, op där rouder (Röda linjen) 36, an där bloer (Blå linjen) 20. Déi dräi Haaptsträng hunn op hiren Extremitéiten e puer verschidden Terminussen, sou datt d'Linnen zousätzlech nummeréiert sinn: 10 an 11 op der bloer, 13 a 14 op der rouder a 17 bis 19 op der grénger.

T-Centralen ënnert der Zentraler Gare vu Stockholm, wou sech déi dräi Metroslinne kräizen, ass mat 161.000 Voyageuren den Dag déi zentral an och am meeschte frequentéiert Statioun.

LinnTrajetDauerLängtStatiounen
(dovun ënnerierdesch)
10Kungsträdgården ↔ Hjulsta23 min15,1 km14 (5)
11Kungsträdgården ↔ Akalla22 min15,6 km12 (5)
13Norsborg ↔ Ropsten44 min26,6 km25 (10)
14Fruängen ↔ Mörby centrum33 min19,5 km19 (9)
17Åkeshov ↔ Skarpnäck43 min19,6 km24 (12)
18Alvik ↔ Farsta strand37 min18,4 km23 (12)
19Hässelby strand ↔ Hagsätra55 min28,6 km35 (12)

A bal all Statioun si Konschtwierker vun iwwer 150 Kënschtler ausgestallt. A siwen dovu sinn d'Wierker net permanent ma ginn ee- bis véiermol am Joer ausgewiesselt, fir datt esou méi Wierker 'drukommen'.

Literatur

  • Robert Schwandl: U-Bahnen in Skandinavien – Stockholm, Oslo, Helsinki, København. Robert-Schwandl-Verlag, Berlin 2004, ISBN 3-936573-04-2.

Um Spaweck

Commons: Stockholms tunnelbana – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen