Whitney Houston
amerikanesch Sängerin a Schauspillerin
D'Whitney Elizabeth Houston, gebuer den 9. August 1963 zu Newark, New Jersey, a gestuerwen den 11. Februar 2012 zu Beverly Hills, Kalifornien, war eng US-amerikanesche R&B-, Soul- a Popmusek-Sängerin, Schauspillerin a Filmproduzentin.
Whitney Houston | |
---|---|
am Joer 2009 | |
Gebuertsnumm | Whitney Elizabeth Houston |
Gebuer | 9. August 1963 Newark |
Gestuerwen | 11. Februar 2012 Beverly Hilton Hotel |
Doudesursaach | Iwwerdosis |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Sänger, Schauspiller, Filmproduzent, Pianist, Museker, Filmschauspiller, Mannequin, Museksproduzent, Komponist, Produzent, Discographesche Kënschtler, Televisiounsschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Bobby Brown |
Geschwëster | Gary Garland |
Kanner | Bobbi Kristina Brown |
Mat iwwer 170 Millioune verkaafte Placken an CDen an iwwer 200 Gold-, Platin-, Sëlwer-, an Diamantschallplacken a sechs Grammyen huet d'Whitney Houston zu de Sängerinne mat deem meeschte Succès an den 1980er an 1990er Jore gezielt.[1],[2] Si hat eng Stëmm iwwer 3 Oktaven. Zu hire gréisste Succèsen hu Lidder wéi Saving All My Life for You, I Wanna Dance with Somebody oder I Will Always Love You aus dem Soundtrack vum Film The Bodyguard (an deem se och matgespillt huet) gehéiert.
Discographie (Auswiel)
Albumen
- Whitney Houston (1985)
- Whitney (1987)
- I'm Your Baby Tonight (1990)
- The Bodyguard (Soundtrack, 1992)
- The Preacher's Wife (Soundtrack, 1996)
- My Love Is Your Love (1998)
- The Greatest Hits (2000)
- Love, Whitney (2001)
- Just Whitney... (2002)
- I Look to You (2009)
Filmographie
- 1992: The Bodyguard
- 1995: Waiting To Exhale
- 1996: The Preacher's Wife
- 1997: Rodgers & Hammerstein's Cinderella
- 2012: Getting To Happy
- 2012: Sparkle
Um Spaweck
Commons: Whitney Houston – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
🔥 Top keywords: HaaptsäitMarie-Antoinette vun ÉisträichSpezial:SichenSpezial:Rezent ÄnnerungenWikipedia:CommunautéitssäitWikipedia:KontaktWikipedia:HëllefWikipedia:Iwwer d'WikipediaWikipedia:WëllkommZweete WeltkrichWikipedia:AktualitéitWikipediaPol LeursWikipedia:General disclaimerWikipedia:De StamineeLëtzebuergeschLëtzebuerg (Land)Serge TonnarEd LauterLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMinière Prince HenriCetonia aurataStater TramDe FeierwonEngleschHenri vu LëtzebuergInstitut polytechnique de ParisBenotzer Diskussioun:RobbyLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenLëtzebuerg (Stad)Lëscht vun den Zecken zu LëtzebuergBenotzer Diskussioun:Shanghai88Lëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenBenotzer Diskussioun:RomaineWikipedia:ImpressumSchëld F, 14aSiddhartha GautamaKnuedlerDavid Goldrake