Alkanen

Alkanen (fréier: Paraffinen, Grenzkuelewaasserstoffer) sinn azyklesch an net gesiedegt Kuelewaasserstoffer vun der Strukturformel CnH2n+2. Vum Butan u gëtt et verzweigt Alkanen. Dat sinn d'Isomeren, si ginn als Isoalkanen oder Isoparaffinen (i-Alkanen, i-Paraffinen) bezeechent. Déi normal kettefërmeg Alkanen, déi net veräschtelt sinn, ginn n-Alkanen oder n-Paraffine genannt. D'Cycloalkanen hunn eng Rankstruktur.

Nomenklatur

Ausser deenen éischte véier Alkane gëtt den Numm vun engem n-Alkan aus enger griichescher Zuel an dem Suffix –an forméiert. D'Zuel gëtt d'Nummer vun de Kuelestoff-Atomer vum n-Alkan un. De Buschtaf n seet, datt et sech ëm e kettefërmegen Alkan handelt.

NummFormelKachpunkt (C°)Schmëlzpunkt (C°)
MethanCH4-161,5-182,5
EthanCH3-CH3-88,6-183,3
PropanCH3-CH3-CH3-42,1-187,7
n-ButanCH3-CH3-CH3-CH3-0,5-138,4
n-PentanCH3-(CH2)3-CH336,1-129,7
n-HexanCH3-(CH2)4-CH368,7-95,3
n-HeptanCH3-(CH2)5-CH398,4-90,6
n-OctanCH3-(CH2)6-CH3125,7-56,8
n-NonanCH3-(CH2)7-CH3150,8-53,5
n-DecanCH3-(CH2)8-CH3174,1-29,7

Physikalesch Eegenschaften

Déi éischt véier Alkanen (Methan, Ethan, Propan a Butan) si bei Raumtemperatur a bei Atmosphärendrock (1013 hPa) gasfërmeg. Mat 5 bis 16 Kuelestoff-Atomer (Pentan bis Hexadecan) si se flësseg an all Alkan, deen nach méi C-Atomer huet, ass fest.

Cheemesch Eegenschaften

U sech sinn d'Alkanen inert a reagéiere seele mat anere Produiten. Dofir gi se och Paraffine genannt.

Alkane reagéieren awer mat dem Chlor a mat der Schwiefelsaier fir nei Produiten ze forméieren. Mam Sauerstoff verbrenne se zu Kuelendioxid a Waasser. Aner Reaktioune vun den Alkane sinn de Cracking an d'Isomeriséierung.

Virkommen

Äerdgas a Pëtrol besti gréisstendeels aus Alkanen.

Hierstellung

An der Industrie ginn Alkanen aus dem Äerdgas an aus dem Pëtrol destilléiert an extrahéiert.

Uwendung

Alkane ginn als Brennes, Sprit a Léisungsmëttel geholl. Donieft si se wichteg Basisproduiten an der Petrochimie.

Literatur

  • Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul

Um Spaweck

Commons: Linear alkanes – Biller, Videoen oder Audiodateien