Bhimrao Ramji Ambedkar

indesche Politiker
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Bhimrao Ramji Ambedkar, gebuer de 14. Abrëll 1891 a gestuerwen de 6. Dezember 1956, och bekannt als Dr. Babasaheb Ambedkar, war en indesche Jurist, Ekonomist, Politiker a Sozialreformer. Hien huet d'Dalit Buddhist Beweegung inspiréiert a sech géint déi sozial Diskriminatioun vun de sougenannten Onberéierbaren (Dalits) agesat. Hien huet och d'Rechter vun de Fraen an den Aarbechter ënnerstëtzt. Hie war den éischte Minister fir Gesetz a Justiz vum onofhängegen Indien, den Architekt vun der Indescher Verfassung, a gëllt als de Grënnungspapp vun der Republik Indien.[1],[2],[3],[4],[5]

Bhimrao Ramji Ambedkar
GebuertsnummBhīvā Rāmjī Sakpāḷ, भीवा रामजी सकपाळ
Gebuer14. Abrëll 1891
Gestuerwen6. Dezember 1956
Nei-Delhi
DoudesursaachKrankheet
NationalitéitBrittesch-Indien, Indien
EducatiounColumbia University,
London School of Economics
AktivitéitEkonomist, Politiker, Jurist, Soziolog, Anthropolog, Pedagog, Schrëftsteller, Philosoph, Journalist, Revolutionär, Professer, Politolog, Riedner, Historiker, Humanitarier, Mënscherechtler, Friddensaktivist, Autobiograph, Politesche Schrëftsteller, Theolog, Moler, Fraerechtler, Essayist

Liewen

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

1956 huet hien eng Massekonversioun vu ronn 600.000 Dalits zum Buddhismus initiéiert an domat de Buddhismus an Indien erëmbelieft. Den Ambedkar gëtt als Bodhisattva ugesinn, a vun de Navayana-Buddhisten als d'Maitreya.[6],[7],[8]

Éierungen

1990 gouf de Bharat Ratna, déi héchst zivil Auszeechnung vun Indien, posthum un den Ambedkar verginn. No sengem Doud gouf a Form vun enger ganz Rëtsch Monumenter a Biller un hien erënnert, absënns an der populärer Kultur. Och als gesellschaftspolitesche Reformator hat hien en déiwen Effekt op dat modernt Indien.

2012, an enger Ëmfro vun der Geschichtstelevisiounschaîne TV18 a vun CNN IBN gouf den Ambedkar zum "Gréissten Inder" (The greatest Indian) gewielt.[9]

Ambedkar Jayanti ("dem Ambedkar säi Gebuertsdag") ass e jäerlecht Fest dat de 14. Abrëll an Indien, ma och uechter d'Welt, gefeiert gëtt. An Indien ass Ambedkar Jayanti en offizielle Feierdag.[10],[11],[12] D'Vereenten Natiounen hunn Ambedkar Jayanti am Joer 2016, 2017 an 2018 gefeiert.[13],[14],[15]

Um Spaweck

Commons: Bhimrao Ramji Ambedkar – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen