Libra (Stärebild)

Stärebild

D'Libra (lb: Wo) ass e Stärebild op der Ekliptik.

Date vum Stärebild Libra
Lëtzebuergeschen NummWo
Laténgeschen NummLibra
Laténgesche GeenitivLibrae
Laténgesch OfkierzungLib
Rektaszensioun14h 21m bis 16h 02m
Deklinatioun0° 30´ bis -30° 00’
Fläch538 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden60° Nord bis 90° Süd
Beschten ObservatiounzäitraumSpéitfréijoer, Summer
Stäre mat
Gréisst < 3
2
Hellste Stär,
Gréisst
β Librae
(Zuben-el-schemali)
2,61
Meteorstréim
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Serpens

Virgo
Hydra
Scorpius
Ophiuchus

Kaart vum Stärebild Libra. Déi gestréchelt rout Linn ass d'Ekliptik.

Beschreiwung

D'Libra (Wo) ass e wéineg markant Stärebild tëscht dem Scorpius (Skorpioun) an der Virgo (Jongfra, Joffer). Zwéi vun de Stäre si méi grouss wéi 3. Gréissteklass.

D'Libra läit op der Ekliptik, soudatt Sonn, Äerdmound an d'Planéiten duerch si doduerch zéien. Si gehéiert sou zu den Déierekreeszeechen. Allerdéngs huet sech opgrond vun der Prezessiounsbeweegung vun der Äerdachs den Zäitpunkt vum Sonnenduerchgang géintiwwer der Antiquitéit verännert. D'Sonn hält sech vum 30. Oktober bis den 23. November an der „Wo“ op.

Geschicht

D'Libra gehéiert zu de klasseschen 48 Stärebiller vun der Antiquitéit, déi schonn vum Ptolemäus beschriwwe goufen.Den haitegen Numm Libra gouf ëm 100 n. Chr. vun de Réimer agefouert. Fir si huet Stärebild d'Sënnbild vun der Gerechtegkeet duergestallt.

Himmelsobjeten

Stären

BFNumm o. aner BezeechnungenGréisstLjSpektralklass
β27Zuben-el-schemali (Zubeneschemali)2,61m120B8 V
α29Zuben-el-dschenubi (Zubenelgenubi)2,75m77A3
σ20Brachium, Cornu3,29m292M3 III
υ3,60m
θ393,6m120K4 III
τ403,66m400B3 V
γ38Zuben-el-Akrab3,91m152G8 IV
164,47m
ι4,54m
374,61m
κ4,71m
δ13Zuben-el-Akribi4,9 bis 5,9m304B9 V
ε4,92m
114,93m
484,95m
424,97m
λ5,04m
365,13m
α15,13m
ν215,19m
125,27m
μ75,32m250A1 + A5
415,36m
η5,41m
495,47m
ξ25,48m
ζ5,53m
505,53m
325,64m
45,70m
ξ15,78m
345,82m
185,88m
475,95m

β Librae ass 120 Liichtjoer vun eis ewech an huet ee bloe Stär vun der Spektralklass B8 V.
Den Numm Zuben-el-schemali ass arabesch a bedeit „nërdlech Schéier“ (vum Skorpioun).

292 Liichtjoer ewech läit de Stär σ Librae (Brachium). Et ass e roudelzege Stär mat der Spektralklass M4 III.

Den γ Librae ass 152 Liichtjoer ewech. Den arabeschen Numm Zuben-el-Akrab bedeit „Schéier vum Skorpioun“.

Duebelstären

ObjetGréisstenOfstand
α2,8 /5,2m231"
ι4,7/9,7m8,5"
μ5,7m/6,6m2,0"

Den α Librae ass een Duebelstäresystem op enger Distanz vu 77 Liichtjoer. Opgrond vum wäite Wénkelofstand vun 231 Bousekonne kënne si gutt gesi ginn. D'System läit bal genee op der Ekliptik, dofir gëtt et reegelméisseg vum Mound bedekt (Stärebedeckung).
Den arabeschen Numm Zuben-el-dschenubi bedeit „südlech Schéier“.

D'Duebelstäresystem ι Librae ass omheféier 250 Liichtjoer vun eis ewech.

Verännerlech Stären

StärGréisstPeriodTyp
δ4,9 bis 5,9m2,327 DeegBedeckungsverännerlechen

Den δ Librae ass 304 Liichtjoer vun eis ewech an ass e bedeckungsverännerleche Stär vum Typ Algol. Seng Hellegkeet verännert sech reegelméisseg mat enger Period vun 2,327 Deeg.

Messier- an NGC-Objeten

Messier (M)NGCanerGréisstTypNumm
58978,6mKugelstärekoup

An der Wo steet op enger Distanz vu 45.000 Liichtjoer e Kugelstärekoup mat der Bezeechnung NGC 5897.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Libra (Stärebild) – Biller, Videoen oder Audiodateien