macOS

Betribssystem

macOS, fréier Mac OS X an duerno OS X, ass e Markennumm fir Betribssystemer vun der Firma Apple. Déi éischt Versioun vu macOS koum den 13. September 2000 op de Maart mam Numm Mac OS X public beta.

Buschtawelogo vu macOS

macOS ass den Nofollger vun OPENSTEP an déi technesch Weiderentwécklung vu Mac OS 9. E baséiert op UNIX, mat engem Open Source Kernel aus Mach-Kernel an Darwin.

Enger Etüd no waren um Ufank vum Joer 2010 an Europa an der Moyenne fënnef Prozent vun de Computeren, déi an den Internet gaange sinn, ënner OS X Intel gelaf. Lëtzebuerg huet dobäi, mat 10,4 %, déi éischt Plaz beluecht.[1]

Um Spaweck

Commons: MacOS – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen