Olympesch Summerspiller 1992

Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Olympesch Summerspiller 1992, offiziell Spiller vun der XXV. Olympiad, goufe vum 25. Juli bis den 9. August 1992 zu Barcelona a Spuenien organiséiert.

Spiller vun der XXV. Olympiad
Olympesch Summerspiller
MottoFrënn fir d'Liewen
MaskottchenCobi
LandSpuenien
StadBarcelona
Ufanksdatum25. Juli 1992
Schlussdatum9. August 1992
opgemaach vum/vun derJuan Carlos I. vu Spuenien
Olympeschen EedLuis Doreste, Eugeni Asensio
Olympesch FakelAntonio Rebollo
Kompetitiounen257 an 25 Sportaarten
Ekippen169
Athleeten9.356
Spiller virdrunOlympesch Summerspiller 1988
Spiller duernoOlympesch Summerspiller 1996
Um Spaweckhttps://olympics.com/en/olympic-games/barcelona-1992

Baseball ass als Olympesch Sportaart opgeholl ginn, grad ewéi Badminton a Judo fir d'Dammen.

De spuenesche Steiermann am Aachter, den 11-järege Carlos Front, war de jéngsten Olympionik zënter 1900.

Participanten

Et hunn 169 Natioune mat am Ganzen 9.356 Olympioniken (2.704 Fraen a 6.652 Männer) bei 257 Kompetitiounen a 25 Sportaarte matgemaach.

No 20 Joer war et déi éischt Kéier datt nees Athleete vun allen Natiounen déi en Nationalen Olympesche Kommitee haten, vertruede waren (am Fall vu Jugoslawien awer net als Vertrieder vun hirer Natioun). Südafrika war nom Ausschloss wéinst senger Apartheid-Politik am Joer 1960 nees déi éischt Kéier derbäi. Et war och déi éischt Participatioun vun enger gesamtdäitscher Ekipp no der däitscher Reunifikatioun. Well d'Sowjetunioun 1991 opgeléist gi war, hunn Estland a Lettland no 1936 a Litauen no 1928 nees hir eegen Ekippen op d'Summerspiller geschéckt. D'Athleeten aus den aneren Nofollgerstaate vun der Sowjetunioun hunn an enger „Vereenter Ekipp“ matgemaach. Jugoslawie war wéinst dem Balkankrich ausgeschloss ginn; d'Athleeten duerften awer als „Independent Olympic Participants“ ënner dem Kierzel IOP deelhuelen.

Participatioun vu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg war zu Barcelona mat 6 Athleete vertrueden. Se hu keng Medail gewonnen.

Zënter 1900 war et déi 18. lëtzebuergesch Participatioun bei den Olympesche Summerspiller.

Fändelsdréier

De Fändel vu Lëtzebuerg gouf bei der Erëffnungszeremonie vum Schwëmmer Yves Clausse gedroen.

Participante pro Sportaart

Bouschéissen
Judo
Schéissen
Schwammen

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Olympesch Summerspiller 1992 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten