Olympesch Summerspiller 1996

Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Olympesch Summerspiller 1996, offiziell Spiller vun der XXVI. Olympiad, goufe vum 19. Juli bis de 4. August 1996 zu Atlanta am US-amerikanesche Bundesstaat Georgia organiséiert.

Spiller vun der XXVI. Olympiad
Olympesch Summerspiller
MaskottchenIzzy
LandUSA
StadAtlanta
Ufanksdatum20. Juli 1996
Schlussdatum5. August 1996
opgemaach vum/vun derBill Clinton
Olympeschen EedTeresa Edwards, Hobie Billingsley
Olympesch FakelMohamed Ali
Kompetitiounen271 an 26 Sportaarten
Ekippen197
Athleeten10.318
Spiller virdrunOlympesch Summerspiller 1992
Spiller duernoOlympesch Summerspiller 2000
Um Spaweckhttps://olympics.com/en/olympic-games/atlanta-1996

D'100-Joer-Feier vun den Olympesche Spiller vun der Neizäit ware gelungenerweis net zu Athen, mä zu Atlanta organiséiert ginn. Et gëtt ugeholl, datt den IOK mat dëser Decisioun dem Haaptsponsor Coca-Cola (dee säi Sëtz zu Atlanta huet) e Cadeau maache wollt.

Beachvolleyball, Mountainbiking, Liichtgewiicht Rudderen a Fraefoussball goufen als Olympesch Sportaarten unerkannt.

De 27. Juli ass nieft den Haapt-Areenaen, am Centennial Olympic Park, eng Bomm explodéiert. Beim Attentat sinn zwou Persounen ëmkomm, 110 goufen der blesséiert.

Participanten

Et war fir d'éischt an der Geschicht vun den Olympesche Spiller, datt all Land dat en Nationalen Olympesche Kommitee hat, vertruede war. Et hunn deemno 197 Natioune mat am Ganzen 10.318 Olympioniken (3.512 Fraen a 6.806 Männer) bei 271 Kompetitiounen a 26 Sportaarte matgemaach.

Participatioun vu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg war zu Atlanta mat 6 Athleete vertrueden. Se hu keng Medail gewonnen.

Zënter 1900 war et déi 19. lëtzebuergesch Participatioun bei den Olympesche Summerspiller.

Fändelsdréier

De Fändel vu Lëtzebuerg gouf bei der Erëffnungszeremonie vun der Tennisspillerin Anne Kremer gedroen.

Participante pro Sportaart

Fechten
Judo
Liichtathleetik
Schéissen

Tennis

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Olympesch Summerspiller 1996 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten