Stefan Löfven

schweedesche Politiker

De Kjell Stefan Löfven ([ˈsteːfan lœˈveːn]), gebuer den 21. Juli 1957 zu Hägersten, Stockholm, ass e schweedesche Politiker.

Stefan Löfven
GebuertsnummKjell Stefan Löfven
Gebuer21. Juli 1957
NationalitéitSchweden
AktivitéitPolitiker
ParteiSAP

Hien ass zanter 2012 President vun der Sveriges socialdemokratiska arbetareparti a war vum 2. Oktober 2014 bis zu sengem Récktrëtt den 28. Juni 2021, no engem Mësstrauensvote, Ministerpresident vu Schweden.

Vun 2006 bis 2012 war de Löfven Chef vun der IF Metall, enger vun de gréisste Gewerkschaften a Schweden.

Um Spaweck

Commons: Stefan Löfven – Biller, Videoen oder Audiodateien