California Institute of Technology

US-amerekanesch technesch Héichschoul

De California Institute of Technology, besser bekannt als Caltech, ass eng Technesch Héichschoul zu Pasadena am Los Angeles County. Si ass op Natur- an Ingenieurswëssenschafte spezialiséiert.

California Institute of Technology
California Institute of Technology
TypUniversitéit
LandUSA
Schülerzuel2.238
 2017; 1. September 2021
Gegrënnt1891
Um Spaweckhttps://caltech.edu

1891 gouf den Institut mat 31 Studente gegrënnt, haut sinn et der ongeféier 2000.

D'Héichschoul ass Member vun der Association of American Universities, e Verband vu féierende fuerschungsintensiven nordamerikaneschen Universitéiten, deen zanter 1900 besteet.

Den Jet Propulsion Laboratory vun der NASA, deen de Betrib vu Weltraumsonden iwwerwaacht, ass en Deel vun der Universitéit. Den Institut ass un d'Fuerschungsnetzwierk BIRN ugeschloss.

Mat 310 Professeren an 2171 Studenten (2004-2005) ass dës wëssenschaftlech héichproduktiv Universitéit extreem kleng, trotzdeem gehéiert si zu den zéng beschten Universitéite vun der Welt. An der Geschicht vun der Universitéit gouf et 31 Nobelpräisser, dovun 13 an der Physik, 9 an der Physiologie oder Medezin, 6 an der Chimie, 2 an der Ekonomie an ee Friddensnobelpräis.

Presidenten

  • Robert A. Millikan (1921–1946)
  • Lee A. DuBridge (1946–1969)
  • Harold Brown (1969–1977)
  • Robert F. Christy (1977–1978)
  • Marvin L. Goldberger (1978–1987)
  • Thomas E. Everhart (1987–1997)
  • David Baltimore (1997–2006)
  • Jean-Lou Chameau (2006–2013)
  • Edward M. Stolper, Interim (2013–2014)
  • Thomas F. Rosenbaum, (2014–)

Nobelpräisdréier vum California Institute of Technology

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: California Institute of Technology – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen