James-Webb-Weltraumteleskop

Dësen Astronomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den James-Webb-Weltraumteleskop (engl.: James Webb Space Telescope, ofgekierztt JWST oder Webb) ass e Weltraumteleskop fir d'Infraroutastronomie.

Den James-Webb-Weltraumteleskop

E gouf zanter 1996 als gemeinsame Projet vun de Weltraumagencen NASA (USA), ESA (Europa) an CSA (Kanada) entwéckelt a kann als wëssenschaftlechen Nofollger vum Hubble-Weltraumteleskop an vum Spitzer-Weltraumteleskop ugesi ginn.

De JWST ass de 25. Dezember 2021 gestart ginn an huet de 24. Januar 2022 seng Orbit um Lagrange-Punkt L2 ronn 1,5 Millionen Kilometer vun der Äerd ewech, erreecht. Den 11. an 12. Juli 2022 huet e seng éischt Biller presentéiert.

De JWST huet véier wëssenschaftlech Haaptaufgaben:[1]

  • D'Siche vun den éischten Objeten a Galaxien, déi liichten, an déi nom Urknall an am donklen Zäitalter dono, virun 13,5 Milliarde Joer, entstane sinn.
  • Hëllefe, fir besser ze verstoe wéi d'Strukturen am Universum entstane sinn.
  • Ënnersichen an erfuerschen, wéi Galaxien, Schwaarz Lächer, Stären a Planéitesystemer entstane sinn, absënns och déi protoplanetar Scheiwen.
  • Exoplanéiten, hir Atmosphär an eventuell Konditiounen, datt do Liewe kéint sinn, erfuerschen.

De JWST ass deelweis 100-mol méi empfindlech fir elektromagnéitesch Welle wéi den Hubble-Teleskop.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: James-Webb-Weltraumteleskop – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen