Olympesch Wanterspiller 2014

D'Olympesch Wanterspiller 2014, offiziell XXII. Olympesch Wanterspiller, si vum 7. bis den 23. Februar 2014 zu Sotschi ofgehale ginn.

XXII. Olympesch Wanterspiller
MottoWaarm. Cool. Däint
LandRussland
StadSotschi, Krasnaja Poljana
Ufanksdatum7. Februar 2014
Schlussdatum23. Februar 2014
opgemaach vum/vun derWladimir Putin
Olympeschen EedRuslan Albertowitsch Sacharow
Olympesch FakelWladislaw Alexandrowitsch Tretjak
Ekippen88
Athleeten2.780
Spiller virdrunOlympesch Wanterspiller 2010
Spiller duernoOlympesch Wanterspiller 2018
Um Spaweckhttps://olympics.com/en/olympic-games/sochi-2014
Russeschen Timber mat den dräi Maskottercher: Leopard, Hues an Äisbier

Et gouf zwou Competitiounsplazen: den Olympiapark Sotschi (Küsteregioun) a Krasnaja Poljana (Schnéiregioun).

D'offiziellt Motto vun de Spiller gouf am September 2012 bekannt ginn an housch "Hot. Cool. Yours" (Жаркие. Зимние. Твои  -  Waarm. Cool. Däint).

Participanten

Et hunn 2.780 Athleeten aus 88 Natiounen um Tournoi deelgeholl. De Schilaangleefer Kari Peters huet als eenzege Sportler Lëtzebuerg zu Sotschi representéiert[1].

Disziplinnen a Kalenner

Mat zwielef neie Concourse gouf et 2014 a Russland déi bis dohi gréisst Erweiderung vum Programm.

Februar
Dag7.8.9.10.11.12.13.14.15.16.17.18.19.20.21.22.23.G
Erëffnung
Biathlon11
Bob3
Curling2
Äishockey2
Äiskonschtlaf5
Äisschnelllaf••12
Freestyle••10
Rennschlitt4
Shorttrack•••••8
Skeleton2
Alpinschi10
Nordesch Schi••••12
Schisprangen4
Nordesch Kombinatioun3
Snowboard••••10
Ofschloss
Entscheedungen585866675658677398
• = Medailenentscheedungen

Medailen

Zu Sotschi goufen am Ganzen 1300 Gold-, Sëlwer- a Bronzmedaile verginn. All Medail hat en Duerchmiesser vun 10 cm an an der Mëtt en hallefkreesfërmege Polykarbonat-Asaz.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Olympesch Wanterspiller 2014 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen