Réngelnatter
D'Réngelnatter oder och einfach Adder (Natrix natrix) ass eng Schlaang, déi zu der Famill vun den Natteren (Colubridae) gehéiert. D'Aart deelt sech an e puer Ënneraarten op, déi an deene meeschten Deeler vun Europa, Asien an Nordafrika doheem ass.
Réngelnatter | |||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Eng Réngelnatter | |||||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||||
| |||||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
Natrix natrix „Laurenti“ 1768 |
D'Réngelnatter ass mat 80 bis 100 cm Längt déi gréisst Schlaang déi zu Lëtzebuerg virkënnt an ass queesch duerch d'Land ze fannen. S'ass net gëfteg.
Der Réngelnatter hir Faarf variéiert vu schifergro bis gréng-brong oder oliv-brong. Seelen trieden och ganz oder deelweis schwaarz Individuen op (Melanismus).
Dem Heng Klees no ass se zu Lëtzebuerg deelweis och ënner de Bezeechnungen Adder, Heckenéil, Heckeschlaang, Onk oder Wisenéil bekannt.
left
Literatur
- Klees, Henri, 1981. Luxemburger Tiernamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV. 131 S., Pierre Linden, Lëtzebuerg.
- La Fontaine, Alphonse de, 1870. Reptiles. 49 p. Imprimerie V. Bück, Luxembourg.
- Proess, Roland (Hrsg.), 2007. Verbreitungsatlas der Reptilien des Großherzogtums Luxemburg. Ferrantia 52. ISSN: 1682-5519.
Um Spaweck
Commons: Natrix natrix – Biller, Videoen oder Audiodateien |
🔥 Top keywords: HaaptsäitJean SimmonsSpezial:Rezent ÄnnerungenSpezial:SichenWikipedia:KontaktWikipedia:De StamineeWikipedia:CommunautéitssäitZweete WeltkrichBenotzer Diskussioun:RobbyLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMir d'Vollek (Lëtzebuergesch Partei)Wikipedia:General disclaimerWikipediaStater TramWikipedia:HëllefWikipedia:Iwwer d'WikipediaPol LeursLëtzebuerg (Land)Wikipedia:AktualitéitWikipedia:WëllkommEchium candicansLëtzebuergeschWikipedia:LäschenIsaiah WilsonPortal:TechnikClaire SchmartzAlternativ Demokratesch ReformparteiAli RuckertRobert FicoUniversitéit AirlanggaParkscheifSchabloun:EuropastroossenBenotzer Diskussioun:RomaineMarie-Antoinette vun ÉisträichKanton DikrechWikipedia:KategorienLëscht vun de Kierfechter zu LëtzebuergAlexandra SchoosEd Lauter