Airbus A380

Breet-Kierper, duebel-Deck, véier-Moteur Fliger, de Moment de gréisste Passagéierfliger vun der Welt

Den Airbus A380 (als Steigerung vu Jumbo-Jet och Superjumbo genannt) ass ee véierstralege Groussraumfliger vum europäesche Fligerbauer Airbus. Et ass dee gréissten ziville Passagéierfliger dee jee a Serienproduktioun goung. Säin éischte Fluch hat en de 27. Abrëll 2005. De 15. Oktober 2007 gouf déi éischt Maschinn un d'Singapore Airlines ausgeliwwert.

Airbus A380 vun der Lufthansa

Den Airbus A380 gëtt zanter 2004 zu Toulouse an der Industriezon déi nom Jean-Luc Lagardère benannt ass zesummegebaut. Déi Zon ëmfaasst eng ronn 50 Hektar. Déi grouss Hal huet eng Fläch vun 12,25 ha an ass 46 Meter héich.

Versiounen

Bei alle Versioune ginn d'Honnerternummeren nach ënnerdeelt, woubäi un zweeter Plaz de Motorhiersteller steet an un drëtter d'Variant vum Motor.

  • A380-700: gekierzt Versioun vu 67,9 Meter fir maximal 481 Passagéier a mat enger Reechwäit vu 16.200 km, déi bis elo weeder bestallt nach ausgeliwwert gouf
  • A380-800: d'Basisversioun fir bis zu 525 [1] Passagéier mat enger Reechwäit vu 15.200 km
  • A380-800R: geplangt A380-800 Versioun mat enger Reechwäit vu 16.200 km
  • A380-800F: bis 2010 op Äis geluecht Frachtversioun vum A380-800 fir bis zu 157,4 Tonne Fracht bei enger Reechwäit vun 10.400 km
  • A380-900: gestreckt Versioun vum A380-800 fir bis zu 963 Passagéier, fir déi 2010 mat der Entwécklung soll ugefaange ginn.

Bestellungen

FluggesellschaftA380-800Dovun ausgeliwwertMotoren
Air France1204GP72XX
British Airways1200Trent 900
China Southern Airlines0500Trent 900
Emirates90015GP72XX
Etihad Airways1000GP72XX
ILFC1000GP72XX
Kingfisher Airlines0500k. A.
Korean Air1000GP72XX
Lufthansa1504Trent 900
Malaysia Airlines0600Trent 900
Qantas Airways2006Trent 900
Qatar Airways0500k. A.
Singapore Airlines1911Trent 900
Thai Airways International0600Trent 900
Virgin Atlantic Airways0600Trent 900
al-Walid ibn Talal Al Saud0100Trent 900
Total23440

Technesch Daten

VarianteA380-800A380-800F
(Entwécklung op Äis geluecht)
A380-900
(Entwécklungsufank zirka 2010)
Längt:72,30 mzirka 79,40 m
Spanwäit:79,80 m
Héicht:24,10 m
Kabinnelängt:50,68 mk. A.
Duerchmiesser:7,14 m (horizontal) x 8,40 m
Maximal Kabinebreet:5,92 m (Uewerdeck)
6,58 m (Haaptdeck)
Fligelfläch:845 m²
Maximaalt Eidelgewiicht:275 t286 tk. A.
Maximaalt Startgewiicht:560 t590 tzirka 590 t
Maximaalt Landegewiicht:386 t427 tk. A.
Typesch Notzlaascht:66,4 t157,4 tk. A.
Passagéierkapazitéit:
(3 Klassen)
525112zirka 650
Maximal Passagéierkapazitéit:8532zirka 960
Maximal Tankkapazitéit:310.000 l370.000 l
Motoren:Engine Alliance GP7200
Rolls-Royce Trent 900
Engine Alliance GP7277
Rolls-Royce Trent 970
Engine Alliance
Rolls-Royce Trent
Schub:311 kN pro Motor340 kN pro Motork. A.
Héchstvitesse:Mach 0,95
Wirtschaftlechst Vitess:Mach 0,85
Reechwäit:15.200 km10.400 kmzirka 14.200 km
Fluchhéicht:13.100 mk. A.
Startstreck:3.353 m3.231 mk. A.

Kuckt och

Commons: Airbus A380 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Um Spaweck

Referenzen