Arabescht Fréijoer

D'Arabescht Fréijoer bezeechent eng Rei vu populäre Revolten, déi sech zanter dem Dezember 2010 a villen Arabesche Länner ofspillen. Den Ausdrock Arabescht Fréijoer mécht Referenz op d'Fréijoer vun de Vëlker (fr.: Printemps des peuples) vun 1848. Déi national revolutionär Beweegunge ginn och nach révolutions arabes, révoltes arabes oder réveil arabe genannt.

D'Evenementer hunn de 17. Dezember 2010 an der tuneesescher Stad Sidi Bouzid mat der Immolatioun vum Mohamed Bouazizi ugefaangen, déi zum Ausléiser vun der tuneesescher Revolutioun an zur Flucht vum President an Diktator Zine el-Abidine Ben Ali gefouert huet. Aner Vëlker iwwerhuelen duerno de Slogan « Dégage ! » (Erhal ! op Arabesch), deen d'Symbol fir déi Revolutioune gouf.

Bibliographie

  • Ben Jelloun, Tahar, 2011. L'étincelle - Révoltes dans les pays arabes. Gallimard. 128 p.
  • Ben Jelloun, Tahar, 2011. Par le feu. Récit. Gallimard, Paris. 50 S.
  • Benslama, Féthi, 2011. Soudain la révolution ! De la Tunisie au monde arabe: la signification d'un soulèvement. Denoël. ISBN 978-2-207-11152-9.
  • Guidère, Mathieu, 2011. Le choc des révolutions arabes. Éditions Autrement. ISBN 978-2-7467-3029-8.

Um Spaweck

Commons: 2010–2011 Arab world protests – Biller, Videoen oder Audiodateien