Imran Khan

Den Imran Ahmad Khan, gebuer de 5. Oktober 1952 zu Lahore, ass e pakistanesche Politiker a fréiere Cricketspiller.

Imran Khan
Gebuer5. Oktober 1952
Lahore
NationalitéitPakistan
EducatiounKeble College,
Aitchison College,
Royal Grammar School Worcester,
University of Oxford
AktivitéitPolitiker, Cricketspiller, Autobiograph, Investisseur
ParteiPakistan Tehreek-e-Insaf
Famill
Bestuet matReham Khan
Liewenspartner(in)Emma Sergeant
PappIkramullah Khan
MammShaukat Khanum
KannerSulaiman Isa Khan, Kasim Khan

Hien ass zanter dem 18. August 2018 Premierminister vu Pakistan.[1], an zanter 1996 President vun der Partei Pakistan Tehreek-e-Insaf (PTI), der Pakistanescher Beweegung fir Gerechtegkeet. Vun 2013 bis 2018 war hien Deputéierten an der Nationalversammlung vu Pakistan.

Ier en an d'Politik goung war de Khan Kapitän vun der pakistanescher Cricket-Nationalmannschaft mat där en 1992 de Cricket World Cup gewonnen hat, wat hien zu enger Zort Nationalheld gemaach huet.

An de Joren dono huet hien a karitative Stëftunge geschafft.

Wierker

  • Imran Khan, Patrick Murphy: Imran: The Autobiography of Imran Khan. Pelham Books, London, 1983, ISBN 0-7207-1489-3.
  • Imran Khan, Fotografien von Mike Goldwater: Indus Journey: A Personal View of Pakistan. Chatto & Windus, London, 1990, ISBN 0-7011-3527-1.
  • Imran Khan: All Round View. Mandarin, 1992, ISBN 0-7493-1499-0.
  • Imran Khan, Fotografien von Pervez A. Khan: Warrior Race: A Journey Through the Land of the Tribal Pathans. Chatto & Windus, London, 1993, ISBN 978-0-7011-3890-5.

Literatur

Um Spaweck

Commons: Imran Khan (politician) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen