Eurovision Song Contest

internationale Museksconcours

Den Eurovision Song Contest (ofgekierzt: ESC, fréier besser bekannt als Grand Prix Eurovision de la Chanson) ass en internationale Museksconcours fir Komponisten a Lidderschreiwer, deen zanter 1956 all Joer vun der European Broadcasting Union organiséiert gëtt. D'Ureegung dofir war vum Festival vu Sanremo (Italien) beaflosst, dee schonn 1951 an d'Liewe geruff gouf. Bei deem Concours kënne grondsätzlech all Memberlänner vun der EBU, zu där och e puer asiatesch an afrikanesch Staate wéi Israel, Libanon a Marokko, an och Australien gehéieren, matmaachen. Sou kann all Land wat deelhëlt e Lidd an d'Course schécken, am Hoffes dofir déi meescht Stëmmen ze kréien a sou ze gewannen.

1958: D'Solange Berry séngt fir Lëtzebuerg "Un grand amour" a kritt dofir e ganze Punkt.

Obwuel et eigentlech e Concours fir Komponisten a Lidderschreiwer ass, gëtt an de Medien an an der Ëffentlechkeet méi Wäert op d'Interprete vum Lidd geluecht an aus wat fir engem Land se kommen. Dofir gëtt de Concours zimmlech kontrovers diskutéiert an d'Meenungen dozou si staark polariséiert.

De Concours gëtt normalerweis an deem Land organiséiert, dat de Grand Prix am Joer virdru gewonnen huet. Et ass awer schonn e puermol virkomm dat e Gewënnerland, dat z. B. zweemol hannerenee gewonnen hat, de Concours net méi selwer wollt organiséieren, meeschtens aus finanzielle Grënn, an dann un en anert Land iwwerginn huet.

Zanter 2004 gëtt de Concours mat enger Halleffinall an enger Finall ausgedroen an zanter 2008 ginn zwou Halleffinallen an eng Finall ausgedroen. Den Oflaf vun de Sendungen ass zimmlech standardiséiert. Am éischten Deel presentéieren d'Interpreten hir Lidder. Duerno kënnt eng Paus wou d'Ofstëmmunge kënne gemaach an ausgewäert ginn. Déi Paus gët duerch e Showprogramm gefëllt, dee sougenannten Interval act. Duerno gëtt dann d'Punkteverdeelung vun alle bedeelegte Länner bekannt ginn. Zum Schluss däerf de Gewënner säi Lidd eng zweet Kéier presentéieren.

Déi lescht, 67. Editioun vun der Finall vum Concours war den 13. Mee 2023 zu Liverpool (Groussbritannien). Gewonne gouf se vum Loreen mam Lidd Tattoo (Schweden). Déi nächsten Ausgab ass fir den x. Mee 2024 zu Stockholm virgesinn.

Lëtzebuergesch Erfolleger

Lëtzebuerg huet de Grand Prix am Ganze fënnefmol gewonnen a läit domat op der drëtter Plaz am Gesamtranking, hanner Irland (7 Victoiren) a Schweden (6 Victoiren), a gläichop mat Frankräich a Groussbritannien.

Déi lescht Kéier huet Lëtzebuerg 1993 um Concours deelgeholl. Dat war mam Jimmy Martin an der Simone Weis als Duo Modern Times. Offiziell hunn zanterhier d'Sue gefeelt fir matzemaachen, mä et war virun allem esou, datt RTL keen Intressi méi hat, fir beim gréisste Museksconcours iwwerhaapt matzemaachen.

Den 12. Mee 2023 huet de Regierungsrot decidéiert, vun 2024 un nees matzemaachen. Dës Decisioun vu Lëtzebuerg gouf den Dag duerno och an der Finall vum ESC zu Liverpool dem Publikum matgedeelt.[1]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de lëtzebuergesche Bäiträg beim Eurovision Song Contest.

Lëscht vun de Gewënner

JoerBezeechnung & PlazParticipantenGewënnernatiounTitelInterpret/enZweet- an Drëttplacéiert
1.1956Gran Premio Eurovisione della Canzone Europea (Lugano, Schwäiz)7 [2]CHE SchwäizRefrainLys Assiaass net bekannt ginn
2.1957Grand Prix Eurovision (Frankfurt um Main, Däitschland)10 HollandNet als toenCorry Brokken2. La belle amour, Frankräich
3. Skibet skal sejle i nat, Dänemark
3.1958Grand Prix Eurovision de la Chanson Européenne (Hilversum, Holland)10 FrankräichDors mon amourAndré Claveau2. Giorgio, Schwäiz
3. Nel blu, dipinto del blu, Italien
4.1959Grand Prix Eurovision de la Chanson Européenne (Cannes, Frankräich)11 HollandEen beetjeTeddy Scholten2. Sing Little Birdie, Groussbritannien
3. Oui, oui, oui, oui, Frankräich
5.1960Eurovision Song Contest (London, Groussbritannien)13 FrankräichTom PillibiJacqueline Boyer2. Looking High, High, High, Groussbritannien
3. Ce soir-là, Monaco
6.1961Grand Prix Eurovision de la Chanson Européenne (Cannes, Frankräich)16 LëtzebuergNous les amoureuxJean-Claude Pascal2. Are You Sure, Groussbritannien
3. Nous aurons demain, Schwäiz
7.1962Grand Prix Eurovision de la Chanson Européenne (Lëtzebuerg, Lëtzebuerg)16 FrankräichUn premier amourIsabelle Aubret2. Dis rien, Monaco
3. Petit bonhomme, Lëtzebuerg
8.1963Eurovision Song Contest (London, Groussbritannien)16 DänemarkDanseviseGrethe & Jørgen Ingmann2. T'en va pas, Schwäiz
3. Uno per tutte, Italien
9.1964Grand Prix Eurovision (Kopenhagen, Dänemark)16 ItalienNon ho l'etàGigliola Cinquetti2. I Love The Little Things, Groussbritannien
3. Où sont-elles passées, Monaco
10.1965Gran Premio Eurovisione della Canzone (Neapel, Italien)18 LëtzebuergPoupée de cire, poupée de sonFrance Gall2. I Belong, Groussbritannien
3. N'avoue jamais, Frankräich
11.1966Grand Prix Eurovision de la Chanson Européenne (Lëtzebuerg, Lëtzebuerg)18 ÉisträichMerci ChérieUdo Jürgens2. Nygammal vals eller hip man svinaherde, Schweden
3. Intet er nytt under solen, Norwegen
12.1967Grand Prix de la Chanson (Wien, Éisträich)17 GroussbritannienPuppet On A StringSandie Shaw2. If I Could Choose, Irland
3. Il doit faire beau là-bas, Frankräich
13.1968Eurovision Song Contest (London, Groussbritannien)17 SpuenienLa, la, la …Massiel2. Congratulations, Groussbritannien
3. La source, Frankräich
14.1969[3]Gran Premio de la Canción de Eurovision (Madrid, Spuenien)16 Spuenien
Frankräich
Holland
Vereenegt Kinnekräich
Vivo cantando
Un jour, un enfant
De troubadour
Boom bang a bang
Salomé
Frida Boccara
Lenny Kuhr
Lulu
(entfält, well véier Éischtplacéierter)
15.1970Eurovisie Songfestival (Amsterdam, Holland)12 IrlandAll Kinds Of EverythingDana2. Knock, Knock, Who's There, Groussbritannien
3. Wunder gibt es immer wieder, Däitschland
16.1971Eurovision Song Contest (Dublin, Irland)18 MonacoUn banc, un arbre, une rueSéverine2. En un mundo nuevo, Spuenien
3. Diese Welt, Däitschland
17.1972Eurovision Song Contest (Edinburgh, Groussbritannien)18 LëtzebuergAprès toiVicky Leandros2. Beg, Steal Or Borrow, Groussbritannien
3. Nur die Liebe lässt uns leben, Däitschland
18.1973Concours Eurovision de la Chanson (Lëtzebuerg, Lëtzebuerg)17 LëtzebuergTu te reconnaîtrasAnne-Marie David2. Eres tú, Spuenien
3. Power To All Our Friends, Groussbritannien
19.1974Eurovision Song Contest (Brighton, Groussbritannien)17 SchwedenWaterlooABBA2. Si, Italien
3. I See A Star, Holland
20.1975Eurovision Song Contest (Stockholm, Schweden)19 HollandDing-a-dongTeach-In2. Let Me Be The One, Groussbritannien
3. Era, Italien
21.1976Eurovisie Songfestival (Den Haag, Holland)18 GroussbritannienSave Your Kisses For MeBrotherhood of Man2. Un, Deux, Trois, Frankräich
3. Toi, la musique et moi, Monaco
22.1977Eurovision Song Contest (London, Groussbritannien)18 FrankräichL'oiseau et l'enfantMarie Myriam2. Rock Bottom, Groussbritannien
3. It's Nice To Be In Love Again, Irland
23.1978Concours Eurovision de la Chanson (Paräis, Frankräich)20 IsraelA-Ba-Ni-BiYizhar Cohen & Alpha Beta2. L'amour ca fait chanter la vie, Belsch
3. Il y aura toujours des violons, Frankräich
24.1979Eurovision Song Contest (Jerusalem, Israel)19 IsraelHallelujahGali Atari & Milk and Honey2. Su canción, Spuenien
3. Je suis l'enfant-soleil, Frankräich
25.1980Eurovisie Songfestival (Den Haag, Holland)19 IrlandWhat's Another YearJohnny Logan2. Theater, Däitschland
3. Love Enough For Two, Groussbritannien
26.1981Eurovision Song Contest (Dublin, Irland)20 GroussbritannienMaking Your Mind UpBucks Fizz2. Johnny Blue, Däitschland
3. Humanahum, Frankräich
27.1982Eurovision Song Contest (Harrogate, Groussbritannien)18 DäitschlandEin bißchen FriedenNicole2. Hora, Israel
3. Amour on t'aime, Schwäiz
28.1983Eurovision Song Contest (München, Däitschland)20 LëtzebuergSi la vie est cadeauCorinne Hermès2. Chai, Israel
3. Främling, Schweden
29.1984Concours Eurovision de la Chanson (Lëtzebuerg, Lëtzebuerg)19 SchwedenDiggi-loo diggi-leyHerreys2. Terminal 3, Irland
3. Lady Lady, Spuenien
30.1985Eurovision Song Contest (Göteborg, Schweden)19 NorwegenLa det swingeBobbysocks2. Für alle, Däitschland
3. Bra vibrationer, Schweden
31.1986Eurovision Song Contest (Bergen, Norwegen)20 BelschJ'aime la vieSandra Kim2. Pas pour moi, Schwäiz
3. L'amour de ma vie, Lëtzebuerg
32.1987Concours Eurovision de la Chanson (Bréissel, Belsch)22 IrlandHold Me NowJohnny Logan2. Lass' die Sonne in Dein Herz, Däitschland
3. Gente di mare, Italien
33.1988Eurovision Song Contest (Dublin, Irland)21CHE SchwäizNe partez pas sans moiCéline Dion2. Go, Groussbritannien
3. Ka' du se hva' jeg sa', Dänemark
34.1989Concours Eurovision de la Chanson (Lausanne, Schwäiz)22 JugoslawienRock MeRiva2. Why Do I Always Get It Wrong, Groussbritannien
3. Vi maler byen rod, Dänemark
35.1990Eurovision Song Contest (Zagreb, Jugoslawien)22 ItalienInsieme 1992Toto Cutugno2. White & Black Blues, Frankräich
2. Somewhere In Europe, Irland
36.1991Concorso Eurovisione della Canzone (Roum, Italien)22 SchwedenFångad av en stormvindCarola2. Le dernier qui a parlé, Frankräich
3. Kan, Israel
37.1992Eurovision Song Contest (Malmö, Schweden)23 IrlandWhy MeLinda Martin2. One Step Out Of Time, Groussbritannien
3. Little Child, Malta
38.1993Eurovision Song Contest (Millstreet, Irland)25 IrlandIn your eyesNiamh Kavanagh2. Better The Devil You Know, Groussbritannien
3. Moi tout simplement, Schwäiz
39.1994Eurovision Song Contest (Dublin, Irland)25 IrlandRock'n Roll kidsPaul Harrington / Charlie McGettigan2. To nie ja, Polen
3. Wir geben 'ne Party, Däitschland
40.1995Eurovision Song Contest (Dublin, Irland)23 NorwegenNocturneSecret Garden2. Vuelve conmigo, Spuenien
3. Se pa mig, Schweden
41.1996Eurovision Song Contest (Oslo, Norwegen)23 IrlandThe VoiceEimear Quinn2. I evighet, Norwegen
3. Den Vilda, Schweden
42.1997Eurovision Song Contest (Dublin, Irland)25 GroussbritannienLove shine a lightKatrina and the Waves2. Mysterious Woman, Irland
3. Dinle, Tierkei
43.1998Eurovision Song Contest (Birmingham, Groussbritannien)25 IsraelDivaDana International2. Where Are You, Groussbritannien
3. The One That I Love, Malta
44.1999Eurovision Song Contest (Jerusalem, Israel)23 SchwedenTake Me To Your HeavenCharlotte Nilsson2. All Out Of Luck, Island
3. Reise nach Jerusalem / Kudüs'e seyahat, Däitschland
45.2000Eurovision Song Contest (Stockholm, Schweden)24 DänemarkFly On The Wings Of LoveOlsen Brothers2. Solo, Russland
3. My Star, Lettland
46.2001Eurovision Song Contest (Kopenhagen, Dänemark)23 EstlandEverybodyTanel Padar & Dave Benton2. Never Ever Let You Go, Dänemark
3. Die For You, Griicheland
47.2002Eurovision Song Contest (Tallinn, Estland)24 LettlandI WannaMarie N2. 7th Wonder, Malta
3. Runaway, Estland
3. Come Back, Groussbritannien
48.2003Eurovision Song Contest (Riga, Lettland)26 TierkeiEveryway That I CanSertab Erener2. Sanomi, Belsch
3. Ne ver, ne boisja, Russland
49.2004Eurovision Song Contest (Istanbul, Tierkei)24 (+12) UkrainWild DancesRuslana2. Lane Moje, Serbien & Montenegro
3. Shake It, Griicheland
50.2005Eurovision Song Contest (Kiew, Ukrain)24 (+15) GriichelandMy Number One Elena Paparizou2. Angel, Malta
3. Let Me Try, Rumänien
51.2006Eurovision Song Contest (Athen, Griicheland)24 (+13) FinnlandHard Rock HallelujahLordi2. Never let You Go, Russland
3. Lejla, Bosnien an Herzegowina
52.2007Eurovision Song Contest (Helsinki, Finnland)24 (+18) SerbienMolitvaMarija Šerifović2. Dancing Lasha Tumbai, Ukrain
3. Song Number One, Russland
53.2008Eurovision Song Contest (Belgrad, Serbien)25 (+18) RusslandBelieveDima Bilan2. Shady Lady, Ukrain
3. Secret Combination, Griicheland
54.2009Eurovision Song Contest (Moskau, Russland)25 (+17) NorwegenFairytaleAlexander Rybak2. Is it true?, Island
3. Always, Aserbaidjan
55.2010Eurovision Song Contest (Oslo, Norwegen)25 (+14) DäitschlandSatelliteLena2. We Could Be the Same, Tierkei
3. Playing with Fire, Rumänien
56.2011Eurovision Song Contest (Düsseldorf, Däitschland)25 (+18) AserbaidjanRunning ScaredEll & Nikki2. Madness of Love, Italien
3. Popular, Schweden
57.2012Eurovision Song Contest (Baku, Aserbaidjan)26 (+16) SchwedenEuphoriaLoreen2. Party for Everybody, Russland
3. Nije ljubav stvar, Serbien
58.2013Eurovision Song Contest (Malmö, Schweden)26 (+13) DänemarkOnly TeardropsEmmelie de Forest2. Hold Me, Aserbaidjan
3. Gravity, Ukrain
59.2014Eurovision Song Contest (Kopenhagen, Dänemark)26 (+11) ÉisträichRise Like a PhoenixConchita Wurst2. Calm After the Storm, Holland
3. Undo, Schweden
60.2015Eurovision Song Contest (Wien, Éisträich)27 (+13) SchwedenHeroesMåns Zelmerlöw2. A Million Voices, Russland
3. Grande amore, Italien
61.2016Eurovision Song Contest (Stockholm, Schweden)26 (+16) Ukrain1944Jamala2. Sound of Silence, Australien
3. You Are the Only One, Russland
62.2017Eurovision Song Contest (Kiew, Ukrain)26 (+16) PortugalAmar Pelos DoisSalvador Sobral2. Beautiful Mess, Bulgarien 3. Hey Mamma, Moldawien
63.2018Eurovision Song Contest (Lissabon, Portugal)26 (+17) IsraelToyNetta2. Fuego, Zypern 3. Nobody but You, Éisträich
64.2019Eurovision Song Contest (Tel Aviv, Israel)26 (+15) HollandArcadeDuncan Laurence2. Soldi, Italien 3. Scream, Russland
2020Eurovision Song Contest (Rotterdam, Holland)26 (+15)Wéinst der COVID-19-Pandemie ofgeblosen[4]
65.2021Eurovision Song Contest (Rotterdam, Holland)26 (+13) ItalienZitti e buoniMåneskin2. Voilà, Frankräich 3. Tout l'Univers, Schwäiz
66.2022Eurovision Song Contest (Turin, Italien)25 (+15) UkrainKalush OrchestraStefania2. De Diepte, Holland 3. Die Together, Griicheland
67.2023Eurovision Song Contest (Liverpool, Groussbritannien)26 (+11) SchwedenLoreenTattoo2. Cha Cha Cha, Finnland

3. Unicorn, Israel

68.2024Eurovision Song Contest (Malmö, Schweden)26 (+11)2. 3.

Datum vum Bäitrëtt

Bis elo hunn 52 Länner op d'mannst 1-mol beim ESC matgemaach. An der Tabell hei drënner steet fir all Land d'Joer wou et fir d'éischt matgemaach huet.

JoerLand dat säin Debut hat
1956Belsch, Frankräich, Däitschlanda, Italien, Lëtzebuerg, Holland, Schwäiz
1957Éisträich, Dänemark, Groussbritannien
1958Schweden
1959Monaco
1960Norwegen
1961Finnland, Spuenien, Jugoslawienb
1964Portugal
1965Irland
1971Malta
1973Israel
1974Griicheland
1975Tierkei
1980Marokko
1981Zypern
1986Island
1993Bosnien an Herzegowina, Kroatien, Slowenien
1994Estland, Ungarn, Litauen, Polen, Rumänien, Russland, Slowakei
1998Nordmazedonien
2000Lettland
2003Ukrain
2004Albanien, Andorra, Wäissrussland, Serbien-Montenegro
2005Bulgarien, Moldawien
2006Armenien
2007Tschechien, Georgien, Montenegro, Serbien
2008Aserbaidjan, San Marino
2015Australienc
a) Virun 1990 huet Däitschland nëmme West-Däitschland vertrueden (d'Bundesrepublik)
b) Mat "Jugoslawien" ass déi sozialistesch Bundesrepublik Jugoslawie gemengt mat Ausnam vun 1992 wou d'Bundesrepublik Jugoslawie gemengt ass. Dës Natioun huet sech am Laf vun 1991/1992 a fënnef onofhängeg Staaten opgeléist: Slowenien, Kroatien, Nordmazedonien, Bosnien an Herzegowina an d'Bundesrepublik Jugoslawien, déi sech dunn 2003 als Serbien-Montenegro konstituéiert huet an 2004 dem ESC bäigetratt ass. 2006 huet et sech opgeléist fir déi zwéi Staaten, Serbien a Montenegro ze ginn, déi 2007 allen zwéin dem ESC bäigetratt sinn.
c) Australien huet 2015 ausnamsweis dierfe matmaachen, obwuel et net Member vun der EBU ass. Am Fall vun engem Gewënn wier den ESC net an Australien gewiescht, mä a Kollaboratioun mat engem anere Land an Europa. Och 2016 krut Australien d'Méiglechkeet matzemaachen.

Gewënner pro Land

D'Zuel vun de Gewënner fir all Land.
GewonnenLandJoer
7 x Irland1970, 1980, 1987, 1992, 1993, 1994, 1996
Schweden1974, 1984, 1991, 1999, 2012, 2015, 2023
5 x Vereenegt Kinnekräich1967, 1969, 1976, 1981, 1997
Frankräich1958, 1960, 1962, 1969, 1977
Holland1957, 1959, 1969, 1975, 2019
Lëtzebuerg1961, 1965, 1972, 1973, 1983
4 x Israel1978, 1979, 1998, 2018
3 x Italien1964, 1990, 2021
Norwegen1985, 1995, 2009
Dänemark1963, 2000, 2013
Ukrain2004, 2016, 2022
2 x Däitschland1982[5], 2010
Spuenien1968, 1969
CHE Schwäiz1956, 1988
Éisträich1966, 2014
1 x Russland2008
Belsch1986
Monaco1971
Tierkei2003
Aserbaidjan2011
Griicheland2005
Estland2001
Lettland2002
Serbien2007
Jugoslawien1989
Finnland2006
Portugal2017

D'Joer a Schréischrëft ass d'Zeeche fir eng gedeelt Gewënnerplaz

Gewënner pro Sprooch

Tëscht 1966 an 1973, an nees tëscht 1977 an 1998, war et de Länner nëmmen erlaabt den Optrëtt an enger vun hiren offizielle Sproochen auszeféieren.

Der Marija Šerifović hiert "Molitva" war dat éischt Lidd dat de Grand Prix a serbescher Sprooch gewonnen huet, an déi éischt Gewënnerin zanter 1998 déi komplett an enger anerer Sprooch wéi Englesch séngt.
GewonnenSproochJoerLänner
34 xEnglesch1967, 1969, 1970, 1974, 1975, 1976, 1980, 1981, 1987, 1992, 1993, 1994, 1996, 1997, 1999, 2000, 2001, 2002, 2003, 2004, 2005, 2006, 2008, 2009, 2010, 2011, 2012, 2013, 2014, 2015, 2016, 2018, 2019, 2023Groussbritannien, Irland, Schweden, Holland, Dänemark, Estland, Lettland, Tierkei, Ukrain, Griicheland, Finnland, Russland, Norwegen, Däitschland, Aserbaidjan, Éisträich, Israel
14 xFranséisch1956, 1958, 1960, 1961, 1962, 1965, 1969, 1971, 1972, 1973, 1977, 1983, 1986, 1988Schwäiz, Frankräich, Lëtzebuerg, Monaco, Belsch
3 xHollännesch1957, 1959, 1969Holland
Hebräesch1978, 1979, 1998Israel
Italieenesch1964, 1990, 2021Italien
2 xDäitsch1966, 1982Éisträich, Däitschland
Norwegesch1985, 1995Norwegen
Schweedesch1984, 1991Schweden
Spuenesch1968, 1969Spuenien
1 xDänesch1963Dänemark
Kroatesch1989Jugoslawien
Serbesch2007Serbien
Portugisesch2017Portugal
Ukrainesch2022Ukrain
a) "Wild Dances": Dëst Lidd war deelweis op Ukrainesch gesongen.
b) "1944": Dëst Lidd war deelweis op Krimtataresch gesongen.

50-Joer-Jubiläum

Den 22. Oktober 2005 war zu Kopenhagen eng Jubiläumsshow mam Titel Congratulations. Domat gouf de 50-Joer-Jubiläum vum Eurovision Song Contest gefeiert. D'Zil vun der Show war et, dat bescht Lidd vum Grand Prix ënner allen Titelen z'ermëttelen, déi jeemools deelgeholl hunn. Op der offizieller Internetsäit eurovision.tv konnt jiddweree seng Stëmm fir säi Favorit beim ESC ofginn. Déi zéng Lidder mat de meeschte Stëmme koumen an d'Halleffinall. Zousätzlech huet eng Jury vun der EBU véier weider Titelen an d'Halleffinall gewielt, soudatt am Ganze 14 Titelen zur Wiel stoungen.

An der Halleffinall goufen iwwer Telefonvoting déi fënnef bescht Lidder gewielt. Am zweeten Duerchgang, also an der Finall, gouf duerch e weideren Telefonvoting d'Plaz vun dëse fënnef Lidder festgeluecht.

D'Show gouf vun der brittescher ESC-Gewënnerin Katrina Leskanich (Katrina & The Waves, ESC-Gewënner 1997) an dem letteschen ESC-Drëttplacéierte vun 2000, Renars Kaupers (Brainstorm) moderéiert.

Et koum dobäi zu follgende Resultater:

PlazJoerLandInterpretTitel
1.1974 SchwedenABBAWaterloo
2.1958 ItalienDomenico ModugnoNel blu dipinto di blu (Volare)
3.1987 IrlandJohnny LoganHold Me Now
4.2005 GriichelandElena PaparizouMy Number One
5.1976 Vereenegt KinnekräichBrotherhood of ManSave Your Kisses for Me
6.2000 DänemarkOlsen BrothersFly on the Wings of Love
7.1982 DäitschlandNicoleEin bißchen Frieden
8.1968 Vereenegt KinnekräichCliff RichardCongratulations
9.2003 TierkeiSertab ErenerEveryway that I Can
10.1988CHE SchwäizCéline DionNe partez pas sans moi
11.1973 SpuenienMocedadesEres tú
12.1980 IrlandJohnny LoganWhat's Another Year
13.1998 IsraelDana InternationalDiva
14.1965 LëtzebuergFrance GallPoupée de cire, poupée de son

Literatur

  • Jan Feddersen: Ein Lied kann eine Brücke sein. Hoffmann und Campe Verlag 2002, ISBN 3-455-09350-7
  • John Kennedy O'Connor: Eurovision Song Contest – Das offizielle Buch zu 50 Jahren europäescher Popgeschichte, Gondrom Verlag 2005, ISBN 978-3811225367
  • Tim Moore: Null Punkte - Ein bisschen Scheitern beim Eurovision Song Contest, Covadonga Verlag 2007, ISBN 978-3936973280
  • Jan Feddersen: Wunder gibt es immer wieder: Das große Buch zum Eurovision Song Contest, Aufbau Taschenbuch 2010, ISBN 978-3746670744

Um Spaweck

Commons: Eurovision – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen