Kyrillescht Alphabet

Buschtaweschrëft

D'Kyrillescht Alphabet oder d'Kyrilliza ass eng Buschtaweschrëft, déi a ville, virun allem ost- a südslawesche Sproochen an Europa an an Asien benotzt gëtt.

Länner an Europa, an deenen dat kyrillescht dat eenzegt offiziellt Alphabet ass (däischterrout) an an deenen et nieft dem laténgeschen Alphabet ko-offiziell ass (hellrout). An deene gesträifte Länner gëtt et e puer offiziell Sproochen, vun deenen der eng oder e puer net am kyrilleschen Alphabet geschriwwe ginn.

Si gouf am Alslaweschen an duerno am Kiercheslaweschen als Schrëftform benotzt. Nom 10. Joerhonnert huet et dat Glagolitescht Alphabet lues a lues ofgeléist a gouf d'allgemeng Schrëft vun den orthodoxe Slawen.

Den Numm vum Alphabet kënnt vum Slawenapostel Kyrill, awer et war de Kliment Ochridski den d'Kyrilliza entwéckelt huet. D'kyrillesch Buschtawe baséieren op der griichescher Unzialschrëft, mä fir spezifesch slawesch Phonemer gouf op glagolitesch Buschtawen zréckgegraff.

Kyrillesch Buschtawen

Hei ënnen ass eng Tabell mat alle kyrillesche Buschtawen opgelëscht. Se enthält dat ursprénglecht Alphabet wéi et an der Kiercheslawescher an Alslawescher Sproch benotzt gouf.

BuschtafNummAusproochZuelwäert
аазъ (As)a1
ббѹкы (Buki)b
ввѣдѣ (Wede)w2
гглаголи (Glagoli)g3
ддобро (Dobro)d4
е, єѥстъ (Jest)je, e5
жживѣтє (Shiwete)j wéi Jean
ѕѕѣло (Dselo)ds6
ззємлꙗ (Semlja)s stëmmhaft wéi Sënn7
иже (Ishe)i10
і, ꙇи, ижеи (I, Ishei)i8
ћдєрвъ, ћѣрвь (Derw, G'erw)g' wéi am englesche Wuert "coagulate"
ккако (Kako)k20
ллюдиѥ (Ljudije)l30
ммыслите (Myslite)m40
ннашь (Nasch)n50
оонъ (On)o70
ппокои (Pokoi)p80
ррьци (Rzy)r100
сслово (Slowo)s stëmmlos wéi iessen200
ттврьдо (Twerdo)t300
ѵ, уижица (Ishiza)i400
ѹѹкъ (Uk)u400
оникъ (Onik)u
ффрьтъ (Fert)f500
ххѣръ (Cher)ch wéi Baach600
ѡотъ (Ot)o800
цци (Zi)z900
ччрьвь (Tscherw)tsch90
шша (Scha)sch
щшта (Schta)scht
ъѥръ (Jer)haart Zeechen
ы, ъи, ꙑ, ъꙇѥры (Jery)y
ьѥрь (Jer)mëllt Zeechen
ѣꙗть (Jat)je, jä
юю (Ju)ju
ѭюс большой йотированный (Grousse jotéierte Jus)ion wéi am Franséischen "espion"
ѧ, ꙙ, юс малый (Klenge Jus)in wéi am Franséischen "fin"900
ѫюс большой (Grousse Jus)on wéi am Franséischen "bon"
ѩюс малый йотированный (Klenge jotéierte Jus)ien wéi am Franséischen "le sien"
а йотированное (Jotéierten a)ja
ѥе йотированное (Jotéierten e)je
ѯкси (Ksi)ks60
ѱпси (Psi)ps700
ѳфита (Fita)f, t9
ҁкоппа (Koppa)ҁ gouf nëmmen als Zuel benotzt90

Kuckt och