Malala Yousafzai

D'Malala Yousafzai [məˈlala jusəfˈzə͡i] (Paschtunesch: ملاله یوسفزۍ, Urdesch: ملالہ یوسف زئی&, gebuer den 12. Juli 1997, ass eng pakistanesch jonk Fra, déi sech fir Kannerrechter asetzt.

Malala Yousafzai
PseudonymGul Makai
Gebuer12. Juli 1997
NationalitéitPakistan
AktivitéitBlogger, Mënscherechtler, Schrëftsteller, Fraerechtler
Famill
PappZiauddin Yousafzai
D'Malala bei enger Entrevue mam US-President Barack Obama, senger Fra Michelle an hirer Duechter Malia (11. Oktober 2013).

Si huet am Januar 2009 ugefaangen, e op der BBC e Blog ze schreiwen, an deem se beschreift, wéi pakistanesch Taliban am Swat-Dall Schoule fir Meedercher zerstéiert an d'Meedercher dru gehënnert hunn, iwwerhaapt eng Schoulbildung ze kréien.[1]

Si gouf mat deem Blog iwwer d'Grenze vum Land bekannt. Den 9. Oktober 2012 hunn Taliban an engem Bus vun no op si geschoss, wouduerch se schwéier blesséiert gouf.[2] Nodeems hiren ufanks kriteschen Zoustand stabiliséiert gi war, gouf s'op Birmingham an eng spezialiséiert Klinick bruecht.[3] 2013 koum hir Famill no a Grousbritannien, fir bei hir kënnen ze sinn.

Am Dezember 2012 gouf, an Zesummenaarbecht mat der UNESCO, de Malala-Fonds gegrënnt, fir op der ganzer Welt Projeten z'ënnerstëtzen, déi d'Recht vun de Kanner op Bildung duerchsetzen. Am Februar 2013 huet se däerfen d'Spidol verloossen. An de Méint duerno huet si eng Biographie publizéiert[4], an op hirem 16. Gebuertsdag virun der Jugendversammlung vun der UNO eng Ried gehalen.[5] Dobäi huet si dem UNO-Generalsekretär Ban Ki Moon eng Petitioun mat 4 Milliounen Ënnerschrëfte fir d'Bildung vun alle Kanner po der Welt iwwerreecht. Den 10. Oktober krut si de Sacharow-Präis vum Europaparlament[6] an hat kuerz duerno eng Entrevue mam amerikanesche President Barack Obama.[7]

Den 10. Oktober 2014 krut se, zesumme mat der Kailash Satyarthi, de Friddensnobelpräis an ass domat déi bei wäitem jéngst Dréierin vun där Auszeechnung.

Literatur

  • Malala Yousafzai: I am Malala: The Girl Who Stood Up for Education and Was Shot by the Taliban. Weidenfeld & Nicolson, London 2013. ISBN 978-0-297-87091-3.

Um Spaweck

Commons: Malala Yousafzai – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen