D'Donau ass, mat ongeféier 2857 km, no der Wolga den zweetlängste Stroum an Europa. No Däitschland an Éisträich fléisst si nach duerch aacht weider europäesch Staaten a leeft am Donaudelta an d'Schwaarzt Mier.
D'Donau ass deen eenzege groussen europäesche Floss, dee vu Westen no Oste fléisst. Se huet en Anzuchsberäich vun ongeféier 817.000 km². Och wann den ieweschte Laf vun der Donau haut verhältnesméisseg méi kleng ass, ass d'Donau geologesch méi al wéi de Rhäin, mat deem hiert Anzuchsgebitt am haitege Süddäitschland konkurréiert. Bei Immendingen kënnt et am ieweschte Flosslaf zu der Donauversickerung. Do versickert e groussen Deel vum Donauwaasser am Buedem a kënnt iwwer Hielen am Karststeen an den Aachtopf, dee méi déif läit, an deen dann an de Rhäin leeft. Well dëse grousse Montant un ënnerierdeschem Waasser sech zugläich méi a méi an de Kallekstee frësst, gëtt ugeholl, datt d'iewescht Donau enges Daags komplett zu Gonschte vum Rhäin verschwanne wäert.
Bis kuerz hanner Wien huet de Stroum éischter de Charakter vun engem Biergfloss, eréischt duerno wandelt e sech lues a lues zu engem Déiflandfloss... > méi
… d'Regierung Mongenast zu Lëtzebuerg just 25 Deeg, vum 12. Oktober bis de 6. November 1915 am Amt war?
... op der Nordsäit vun der Pyramid vum Kukulcán, wärend der Equinoxe, de Schiet esou op d'Säitemauer vun der Trap fält, dass et ausgesäit wéi wann do eng riseg Schlaang erofkrauche géif?
... de Johannes Mylius vun Diddeleng (ëm 1537-1596) Studieboursse gestëft huet, déi nach Joerhonnerten duerno ausbezuelt goufen?
… um Mosaik vu Viichten, dat 1994 entdeckt gouf, an dat géint d'Joer 240 geluecht gouf, den Homer mat den Néng Musen ze gesinn ass?
... op de Baupläng vun der Rouder Bréck zwou Vëlospistë vun 1,75 m virgesi waren; dës awer, wéi s'a Betrib geholl gouf, zu Gonschte vum Autostrafic geaffert goufen?