De Fluchhafe vun Esch-Uelzecht gouf 1937 ugeluecht a war bis 1954 a Betrib. Et war deen éischten offizielle Fluchhafen zu Lëtzebuerg.
1928 hat de Lëtzebuerger Fluchpionéier Lou Hemmer erkannt, datt sech déi grouss Wiss un der nërdlecher Stadgrenz vun Esch-Uelzecht, um Flouer Lankhëlz, do wou haut de Quartier Cinquantenaire ass, gutt fir Fluchzwecker géif eegnen. 1929 koum et dunn zur Grënnung vum Veräin Escher Aéro-Club (ACE). Den 12. Mee 1929 gouf do vun deem Veräin a Presenz vun Dausende vu Virwëtzegen en éischte Fluchmeeting ofgehalen. Vun do un huet en all Joer sou ee Meeting organiséiert, bis en, no zwéi déidlechen Accidenter 1935, seng Aktivitéiten opgehalen huet.
1936 gouf en neie Veräin Aéro-Club du Bassin Minier (ACBM) gegrënnt, deen um Ausbau vum Escher Fluchfeld matgehollef huet. Et gouf och eng Fluchhafegesellschaft gegrënnt, d'Société anonyme pour l'aménagement et l'exploitation de l'aérodrome d'Esch-sur-Alzette. Dat primitiivt Fluchfeld gouf zu engem Fluchhafen ausgebaut an eng Fluchhal vu 24 x 14 Meter opgeriicht... > méi
... de Johannes Mylius vun Diddeleng (ëm 1537-1596) Studieboursse gestëft huet, déi nach Joerhonnerten duerno ausbezuelt goufen?
… um Mosaik vu Viichten(Bild), dat 1994 entdeckt gouf, an dat géint d'Joer 240 geluecht gouf, den Homer mat den Néng Musen ze gesinn ass?
... op de Baupläng vun der Rouder Bréck zwou Vëlospistë vun 1,75 m virgesi waren; dës awer, wéi s'a Betrib geholl gouf, zu Gonschte vum Autostrafic geaffert goufen?
… de Begrëff "Télécran" fir d'éischt an der franséischer Iwwersetzung vum George Orwell sengem Roman Nineteen eighty-four fir den englesche Begrëff telescreen gebraucht gouf?
... Var dat eenzegt franséischt Departement ass, dat no engem Floss genannt ass (dem Var), deen hautesdaags guer net derduerchleeft?