D'Gebai huet 1977 seng Dieren opgemaach a gouf den 9. Mäerz 1979 offiziell ageweit. Bekannt war et virun allem wéinst dem Bierger-Center vun der Stad, deen do vun 2001 bis Enn 2011 funktionéiert huet, an och der Stater Bibliothéik (vun 1978 bis 2008).
Nodeem et, zesumme mat Nopeschhaiser, 2015 ofgerappt gouf, gouf an de Joren duerno amplaz en neit Büros-, Geschäfts- a Wunnhaus mam Numm Centre Royal-Hamilius gebaut... > méi
... d'Plakeg Maulefsraten (Heterocephalus glaber) a grousse Kolonië liewen, déi vu jee engem Weibchen dirigéiert ginn, dat sech, wéi bei de Beien, exklusiv ëm d'Reproduktioun këmmert?
... dat eelst Spidol zu Esch-Uelzecht d'Metze Spidol war, dat 1878 vun de Bedreiwer vun der Metze Schmelz als e Spidol fir hir Aarbechter gebaut gouf?
... den Émile Servais (1847-1928) den 9. Januar 1919 zum President vun der Republik Lëtzebuerg designéiert gi war, ier den Dag drop franséisch Truppen dem republikaneschen Opstand en Enn gemaach hunn?