De Raymond Petit, gebuer de 16. Januar 1920 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 21. Abrëll 1942 zu Bäerdref, war e lëtzebuergesche Student a Resistenzler, deen ënner den Aliassen AC13 oder Fernand Schmitt gewierkt huet.
Hien huet am September 1940, ënnerstëtzt, ënner anerem, vu sengem Frënd Erny Gillen, zu Iechternach d'Resistenzorganisatioun L.P.L. gegrënnt. Hie gouf vun den Nazie verfollegt an huet sech, op der Flucht virun der Gestapo, den 21. Abrëll 1942 d'Liewe geholl.
Fir un hien z'erënneren, gouf 2008 zu Bäerdref eng Strooss no him genannt an e Monument opgeriicht... > méi
1976: Bei enger Serie vu Gasexplosiounen am Pafendall kommen 3 Leit ëm d'Liewen, iwwer 20 ginn der zum Deel schwéier blesséiert, an eng ganz Rëtsch Haiser zerstéiert oder onbewunnbar.