De Raymond Petit, gebuer de 16. Januar 1920 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 21. Abrëll 1942 zu Bäerdref, war e lëtzebuergesche Student a Resistenzler, deen ënner den Aliassen AC13 oder Fernand Schmitt gewierkt huet.
Hien huet am September 1940, ënnerstëtzt, ënner anerem, vu sengem Frënd Erny Gillen, zu Iechternach d'Resistenzorganisatioun L.P.L. gegrënnt. Hie gouf vun den Nazie verfollegt an huet sech, op der Flucht virun der Gestapo, den 21. Abrëll 1942 d'Liewe geholl.
Fir un hien z'erënneren, gouf 2008 zu Bäerdref eng Strooss no him genannt an e Monument opgeriicht... > méi
… déi sougenannt Offiziell Lëtzebuerger Orthographie déi éischt gesetzlech festgeluechte Schreifweis vum Lëtzebuergesche war, déi 1946 agefouert gouf, awer sou gutt wéi vu kengem benotzt a schonn 1950 duerch déi vum Luxemburger Wörterbuch ersat gouf, wat awer eréischt gesetzlech 1975 festgehale ginn ass?