D'Perserkricher waren am 5. Joerhonnert v. Chr. d'Versich vun de persesche Grousskinneken Dareios I. a Xerxes I., duerch militäresch Gewalt dat antikt Griicheland un hiert Räich unzeglidderen. Dës Entreprise hat, obschonn d'Perser bei wäitem iwwerleeë waren, keen Erfolleg. Vun de Griichen, déi gewonnen haten, gouf déi erfollegräich Verdeedegung vun hirem Mammeland, an och d'Affer déi si gefuerdert huet, séier zu engem nationale Mythos erhuewen, dee sech och an Theaterstécker wéi D'Perser vum Aischylos ausgedréckt huet. Dëse Mythos huet deelweis bis an d'20. Joerhonnert iwwerlieft, a gouf historesch dacks als Verdeedegung vun der Fräiheet vum Okzident géint orientalesch Despotie a Gewaltherrschaft ëmgedeit.
Se goufen duerch déi sougenannt Ionesch Revolt ausgeléist. Als Héichpunkten zielen d'Schluecht vu Marathon am éischten, an d'Schluecht vu Salamis am zweete Perserkrich. D'Néierlag vun de Perser hat grouss Auswierkungen op déi weider persesch a griichesch Geschicht. Déi wichtegst zäitgenëssesch Quell fir d'Evenementer ass den anticken HistorikerHerodot, och wann een him net ëmmer all Wuert gleewe kann... > méi
... d'Staatlech Pressehëllef, déi zu Lëtzebuerg 1976 agefouert gouf, fir de Meenungspluralismus ze stäipen, sech am Joer 2018 op eng 8,16 Milliounen Euro belaf huet?
… d'Helen Buchholtz (1877-1953), eng lëtzebuergesch Komponistin, bei hirem Doud iwwer 200 Noutemanuskripter vu Kompositiounen hannerlooss huet?
... d'Lidd Bella Ciao ursprénglech iwwer dat schwéiert Liewe vu Räis-Baierinnen am Piemont erzielt, déi ënner hirem strenge Patron ze leiden haten, méi spéit awer an en antifaschistescht Partisane-Lidd ëmgedicht gouf?
...de Félix Thyes (1830-1855) deen éischte lëtzebuergesche Schrëftsteller a franséischer Sprooch war?
… de Prix Grand-Duc Adolphe e Konschtpräis ass, deen zu Lëtzebuerg zanter 1902 all zwee Joer (virun 1995: meeschtens all Joer) un een oder méi Kënschtler vergi gëtt, déi um Salon vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL) ausgestallt hunn? Archiv